LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
Mat 57 Gäscht hate mir den 20. Januar am Bistro vum HPPA zu Réiden de perfekte Start fir eisen intergenerationelle Projet „JU-SE“. Fir d’Diskussioun unzestoussen, gouf gläich am Ufank e Video gewisen mat Interviewe vu Leit aus allen Altersgruppen zum Thema Zesummeliewen. Vill vun den interviewte Persoune ware selwer am Publkum dobäi.
Zousätzlech hunn e puer engagéiert jonk Leit eng Lëscht mat Froen ausgeschafft, déi op d'Bistrodëscher geluecht goufen. Dëst huet eng exzellent Basis fir spannend an oppe Gespréicher tëscht den Awunner vum HPPA an de Bistrogäscht vun all Alter aus dem ganze Kanton Réiden geschaf.
De Projet „JU-SE“ ass eng Initiativ am Kader vum Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen a gëtt vum Familljeministère ënnerstëtzt. Säin Zil ass et, Mënschen, onofhängeg vun Alter oder kulturellem Hannergrond, duerch Eventer wéi dësen Themenowender, souwéi Formatiounscoursen an Diskussiounsforen zesummenzebréngen. Dobäi solle gemeinsam Interessen entdeckt an nei Kontakter geknäppt ginn.
Op dës Manéier dréit de Projet „JU-SE“ dozou bäi, dat soziaalt Liewen an den Dierfer ze stäerken an d'interkulturellt an intergenerationellt Zesummeliewen ze fërderen.
Wann Dir Froen oder Iddien hutt, zéckt net, eis ze kontaktéieren.
Kanton Réiden
Service Vivre-Ensemble
T. 28 33 4-210
Karsten.kuepper@kanton-reiden.lu
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026