Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
Op der Schock setzt sech säit Jore mat vill Engagement fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an. Och Mënsche mat spezifesche Bedürfnisser wëllen nei Plazen entdecken, duerch d’Natur spadséieren oder kulturell Eventer besichen – mee dat ass leider net ëmmer einfach, well hir Bedürfnisser nach ze dacks net genuch berücksichtegt ginn.
An de leschte Joren ass zwar vill fir eng besser Accessibilitéit vu Persoune mat kierperlecher Behënnerung geschitt, mee d’Bedierfnisser vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ginn oft nach vergiess.
Genau hei setzt de LEADER-Projet vun Op der Schock (ODS) un: déi touristesch Offeren an der LEADER-Regioun Wëlle Westen goufe vun den Experte selwer - also de Persounen aus de Servicer vun ODS - getest a wann néideg, no engem ausgeschaffte Krittärekatalog ugepasst. All dës Informatioune sinn an engem Classeur zesummegefaasst ginn, deen a liichter Sprooch geschriwwe gouf an domat fir jiddereen einfach ze verstoen ass.
De Classeur stellt 37 verschidden Offere vir, opgedeelt op sechs Beräicher: Visite guideeën, Spadséierweeër, sportlech Aktivitéiten, Gastronomie, Iwwernuechtungsplazen a Fester oder kulturell Veranstaltungen.
E weidert Zil vum Projet war et, d’Inklusioun aktiv ze fërderen – duerch Sensibiliséierung vun Touristiker, Guiden an eiser Gesellschaft am Allgemengen iwwer déi spezifesch Besoine vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung.
Insgesamt gouf mat 65 verschiddenen Acteuren a Partner zesummegeschafft: vum ORT Guttland, iwwer d’Gemengen, Ministèren a Verwaltungen, Restauranten a Bedreiwer vun touristeschen Attraktiounen.
Dëse LEADER– Projet huet de matwierkende Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung gewisen, dass hir Kompetenzen a Meenunge wierklech gebraucht a respektéiert ginn - eng rar, mee immens wäertvoll Erfarung, déi hiert Selbstwäertgefill däitlech gestäerkt huet.
Wëllt Dir Ären Tour, Är Visite oder Fest op d’Bedürfnisser vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung teste loossen an eng professionell Berodung vun eiser Testgrupp kréien? Oder wëllt Dir Är Kommunikatioun an déi liicht Sprooch iwwersat kréien? Eist Team hëlleft iech gär dobäi! Mellt Iech bei eis fir méi Informatiounen.
Op der Schock
Atelier Fieder-liicht
B.P. 10 L-8501 Redange
Email: fieder-liicht@ods.lu
Tel. 26 62 18 81
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026