Pacte climat

Interview mam Raoul Schaaf, Klimaschäffe vun der Gemeng Useldeng

Veröffentlicht: 06/01/2026 - 08:27
Aktualisiert: 27/01/2026 - 08:47
3 Minuten

Raoul, firwat bass du Klimaschäffe ginn?

Et ass mir wichteg, verantwortungsvoll mat eiser Ëmwelt an eise Ressourcen ëmzegoen. Dat huet mech och bei menger Aarbecht beim CNDS ugedriwwen, wou mir am Beräich Naturschutz an Naturfleeg sou wéi an der Zirkularwirtschaft aktiv sinn. Dës Erfarungen, zesumme mat mengem perséinlechen Engagement, hu mech motivéiert, dës Erausfuerderung unzehuelen.

Wat sinn déi wichtegst Klimaschutz-Projeten an de leschte Joren?

De Fokus louch op der energeetescher Sanéierung vu kommunale Gebaier (al Schoul, al Gemeng, Sozialwunnengen). Dës sinn och mat engem Nahwärmenetz aus Pellets verbonne ginn. De Verbrauch vun alle Gemengegebaier gëtt digital iwwerwaacht. An och d’Compteure vun de Privatleit sinn op intelligent Compteuren ëmgerüst ginn. All dëst erméiglecht eng séier Detektioun vu Fuitten. Eis kommunal Stroossebeliichtung ass komplett op LED ëmgerëscht.

Foto: Gemeng Useldeng

Wat steet an dëser Legislatur um Programm? 

Eise gréisste Projet ass den Energiecampus Op Weidfeld: eng nei Schoul, déi sämtlech Krittäre vum nohaltege Bauen erfëllt (Holzbau mat Reewaassernotzung asw.), a wou op all verfügbar Daachfläch vun der Schoul a Maison Relais eng PV-Anlag installéiert gëtt.

D’Traufler-Haus – fréier e chineesesche Restaurant – gëtt sanéiert an zu neiem Wunnraum a Clubsall fir eise Club des Jeunes ëmgebaut. Och dat alt Paschtoueschhaus gëtt sanéiert a wäert duerno Gemengebüroen hebergéieren.

Zesumme mam Sicona hu mir nei Weieren a Bongerten ugeluecht, an eis Maison Relais mécht beim Projet Natur genéissen mat. E Masterplang definéiert, wéi all kommunaalt Gebai no an no energieeffizient moderniséiert soll ginn. 

Foto: RHAU

Wéi eng Roll spillen erneierbar Energien an der Gemeng?

D’Solarenergie steet bei eis am Mëttelpunkt. Säit Joren installéiere mir PV-Anlagen op Gemengegebaier, ugefaang bei der Useldenger Kierch bis elo um Schoulcampus. Gläichzäiteg gesi mir awer och, dass eis Awunner staark an d’Sonnenenergie investéieren. Zousätzlech produzéiert eis Waasserturbin an der Atert nach bëssi Stroum.

Ginn et interessant Projete punkto Mobilitéit?

De Fuerpark gëtt no an no op Elektromobilitéit ëmgestallt. Gläichzäiteg schafe mir nei Verbindunge fir d'Mobilité douce, wéi de séchere Fouss- a Vëloswee vu Schandel op Useldeng. Weider Strecken a Verbindungsméiglechkeete ginn aktuell analyséiert, fir nach méi Alternativen zum Auto ze schafen.

Foto: Gemeng Useldeng

Wéi motivéiert dir är Bierger, bei dësen Efforte matzemaachen?

Mir organiséiere Konferenzen, Biergerbedeelegungsforen an Informatiounscampagnen an notze bei eisen Aktiounen all méiglech Kommunikatiounskanäl. Eis Bierger kréie praktesch Tipps, wéi si doheem Energie spueren oder selwer produzéiere kënnen an hir Alentoure vum Haus méi nohalteg gestalte kënnen (Entsigelung, Biodiversitéit). Zousätzlech bidde mir finanziell Hëllefen u fir ekologesch Moossnamen ze ënnerstëtzen.

Wat méchs du privat fir d’Klima ze schützen? 

Mir hu säit iwwer 20 Joer eng PV-Anlag an eng Reewaasserzëttär doheem. Ech vermeiden onnéideg Trajeten, versiche mech mol ze Fouss oder mam Vëlo vun enger op déi aner Plaz ze beweegen, kafe bewosst lokal a ginn onbenotzt Saachen zeréck an de Kreeslaf vun der Zirkularwirtschaft.

Wéi gesäit d’Gemeng Useldeng 2050 aus?

Eng resilient Gemeng, déi fréi déi richteg Decisioune geholl huet, fir den Erausfuerderunge vum Klimawandel an der Ressourceknappheet gerecht ze ginn. Eng inklusiv Gemeng, an där jidderee sech wuel fillt, kee sech ausgeschloss fillt an d’Natur fräi genéisse kann.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten