LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
No extensiver Virbereedung wäerte mir 2026 eisen intergenerationelle Projet JU-SE, "Een fir den Aneren do", starten. D'Grondidee vum Projet ass et, Leit aus alle Kulturen a Generatiounen op lokalem Niveau duerch gemeinsam Interessen zesummenzebréngen an hinne beim Opbau an der Ënnerhalung vun engem Netzwierk fir géigesäiteg Ënnerstëtzung ze hëllefen.
D'Erausfuerderung läit an der demographescher Struktur (eis kleng Gemengen am ländleche Raum). Fir eng kritesch Mass fir d'Ëmsetzung vun dësem Zil z'erreechen, gëtt de Projet dofir regional fir all néng Gemengen am Kanton Réiden, plus d'Gemeng Mäerzeg, ëmgesat.
Dëse méijährege Projet fokusséiert op dräi Beräicher: D'Kommunikatioun déngt dozou, fir de Projet ze sensibiliséieren an Eventer unzekënnegen. Reegelméisseg organiséiert Treffen (Konferenzen, Diskussiounen, Trainingssessiounen) zielen drop of, interesséiert Leit zesummenzebréngen.
Déi drëtt Etapp besteet aus vun eis ënnerstëtztem Networking iwwer Hoplr a WhatsApp fir gemeinsam Aktivitéiten ze plangen an géigesäiteg Hëllef ze organiséieren. Déi éischt Aktivitéit fënnt den 20. Januar vun 18.30 bis 20.30 Auer am HPPA Réiden statt. Eise Projetvideo gëtt gewisen, gefollegt vun enger Diskussioun iwwer d'Erwaardungen an d'Hindernisser vum intergenerationellen Liewen. Dir sidd häerzlech invitéiert, do dobäi ze sinn.
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026