Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
Dëst Joer war ee groussen Erfolleg fir den Tourismus am Wëlle Westen.
Ganzer 625 Persoune konnten aktiv an der TouristInfo zu Useldeng berode ginn. Nieft dëser Betreiung huet de Service u verschiddene Projete geschafft woubäi d’touristescht Fest ‘’Weekend vum Wëlle Westen’’ de gréisste Projet vum Joer war. Hei konnten den 29. Juni op der Kulturmillen zu Biekerech eng sëlleg Visiteuren empfaang ginn. Och d’nächst Joer fënnt dëst Event nees statt. Dofir notéiert Iech schonn den 28.06.2026 zu Randschelt an der Thillenvogtei.
Des weidere goufen dat ganzt Joer iwwer flott Quizzer a Challengen ausgeschafft, un deenen dëst Joer 243 Persounen drun deelgeholl hunn.
Mir soen all eise Visiteuren a Participanten villmools Merci a freeën eis op 2026!
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026