LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
Den 22. November huet de Repair Café vum Kanton Réiden zu Ell stattfonnt. Mat bal 40 Elektrogeräter, e puer Computeren an engem Vëlo haten eis Repairer vill Aarbecht. Besonnesch am Schläifatelier war vill Andrang: bal 60 Messeren hunn do geschäerft misse ginn.
Déi meescht „Patiente“ ware wéi gewinnt d’Kaffismaschinnen, gefollegt vun de Staubsaugeren.
An eiser Kaffistuff, wou d’Besëtzer vun den Apparater d’Waarde mat enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch konnten iwwerbrécken, sinn och nei Bekanntschafte geknäppt ginn.
Mir soe sämtleche Repairer e grousse Merci fir hiren Asaz an hir Hëllef.
Villmools Merci och un d’Gemeng Ell fir d’Preparatioun an d’Zurverfügungstelle vum Centre.
Den nächste Rendez-vous vum Repair Café ass Samschdes, den 31. Januar 2026, zu Sëll am Hall Multifonctionnel (7, route d’Arlon, Saeul). Vergiesst net, datt et och erëm en Atelier fir kleng Bitzaarbechten an e Vëlosatelier gëtt!
Wéinst dem groussen Undrang am Schläifatelier begrenze mir d’Zuel u Messeren elo op zwee pro Persoun.
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026