Réidener Jugendtreff
Wann Europa sech zu Houltz begéint: eng Woch, déi 40 Jonker verännert huet
17/08/2026
Mat eise „Kniwwel-Triwwel- Mätsch-Aktivitéiten“luede mir eis Butzen an, hir Ëmgéigend mat all hire Sënner ze entdecken. Dës Aktivitéiten hunn net nëmme grousst Spaasspontential, mee d’Butze kënne ganz niewebäi naturwëssenschaftlech Phänomener an d’Technik erfuerschen. An dësen Aktivitéite kënne si ausprobéieren, beobachten an experimentéieren an „d‘Léieren“ gëtt zu enger richteger Aventure.
Materialie wéi Waasser, Sand, Buedem, Plastilinn, Raséierschaum, Pabeierschnippselen, Räis oder Käschten komme bei de Butze besonnesch gutt un. Heimat léisst sech esou richteg gutt triwwelen, schëdden, tässelen, knätschen a mätschen. Duerch d’Hantéieren mat Moossbecheren, Triichteren, Dëppercher, Läffelen an Zaangen oder a geleeten Aktivitéiten, wéi d’Fierwe vun Ouschtereeër mat Natron, Liewensmëttelfaarf an Esseg, erliewen d’Butze physikalesch a chemesch Phänomener hautno a kréien éischt Erkenntnisser iwwert „Ursaach an Wierkung“.
Dës Aktivitéiten fërderen net nëmmen d‘kognitiv Entwécklung vun de Butzen, mee och hir Feinmotorik, d’Aan-Hand-Koordinatioun, d’Kreativitéit an d’Zesummespill. D’Butze léieren eegen Ideen auszeprobéieren, Beobachtungen ze deelen an zesumme Léisungen ze fannen.
D’Educatricë begleeden d’Butzen dobäi, si beobachten se, ginn Impulser oder stelle Froen. Esou entsti fantastesch Momenter vu Staunen, Begeeschterung, Fuerschungsdrang a virun allem vu risegrousser Freed a Spaass.
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026