Réidener Jugentreff
Erasmus+-Projet „MIND AND MOVE“ vum 9. bis de 16. Juli 2026
18/06/2026
De Projet „Harmonies intérieures“ ass an de leschte Wochen zum Ofschloss komm – en artistesche Parcours, bei deem sech eis Jugendlech engem wichtege Sujet gewidmet huet: der mentaler Gesondheet.
Iwwer e puer Méint hu si sech mat Textilgestaltung, Bitzen, Fotografie an artisteschem Ausdrock befaasst, fir ze weisen, wat si beaflosst, wat si fillen a wat si heiansdo verstoppen. Ënnerstëtzt vu Kënschtler, Educateuren a Fräiwëlleger hu si en Défilé mat Ausstellung entwéckelt – e kollektive Ruff aus dem Häerz vun enger Generatioun, déi sech besser verstoe wëll an no Gehéier sicht.
Den Défilé „Harmonies Intérieures“, eng lieweg Fresk vun Emotiounen, huet Moud, Beweegung a Bild zesummebruecht. D’Kleeder, déi vun de Jonke selwer gemaach goufen, symboliséieren hir Séilenzoustänn tëscht Kraaft a Fragilitéit, Liicht a Schied.
Déi begleedend Fotoausstellung huet sensibel a staark Portraite gewisen – all Bléck erzielt eng Geschicht vu Resilienz an Hoffnung.
„D’Iddi war fir ze weisen, datt iwwer déi mental Gesondheet ze schwätzen och heescht, iwwer Schéinheet, Kreatioun an Zesummenhalt ze schwätzen.“
Dëse Projet, gläichzäiteg kënschtleresch a mënschlech, huet jidderengem erméiglecht, sech auszedrécken, auszetauschen an z’entdecken, datt hannert Emotiounen dacks Schätz vu Kraaft a Kreativitéit stiechen.
De Projet „Harmonies intérieures“ ass en toute beauté ofgeschloss ginn an hannerléisst eng nohalteg Spuer: déi vun enger Jugend, déi sech behaapt, sech hannerfreet a beweist, datt d‘mental Gesondheet derwäert ass, gefeiert a geschützt ze ginn.
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026