Foyer de Jour A Butzen
Recrutement d'un(e) remplaçant(e) éducatif/éducative (m/f/d)
05/08/2026
Am Kader vun der Vision territoriale huet den 18. September eng Delegatioun vu Politiker, Mataarbechter aus eise Gemengen, dem Landesplanungsministère an dem Syndikat Kanton Réiden dat neit Bierger*Haus zu Stengefort besicht.
Empfaange goufe mir vun der 1. Schäffin Marianne Dublin-Felten, der Presidentin vun der asbl Bierger*Haus Catia Fernandes an der Responsabler vum Service du Vivre Ensemble et de l’égalité des chances, Jil Thurmes.
D’Bierger*Haus versteet sech als Treffpunkt vu Bierger fir Bierger: eng inklusiv Plaz fir Austausch a Begéinung, ergänzend zu de besteeënde Strukturen.
Déi éischt Aktivitéite si schonn un d’Rulle komm, dorënner den Elteren- a Grousselterentreff, e Bichertreff, d’Initiatioun à l’Aquarelle, den Oppenen Nomëtte souwéi e Seniorentreff.
Am Moment ginn am Duerchschnëtt 5–6 Aktivitéite pro Mount organiséiert.
Dës Aktivitéite ginn all am Agenda-Heft vun der Gemeng Stengefort publizéiert, dat eemol am Mount erauskënnt.
D’Bierger*Haus gëtt vun enger Asbl geréiert, déi de Programm opstellt an d’Aktivitéite begleet. Et besteet eng Konventioun tëscht der Asbl an der Gemeng.
Mir soen der Gemeng Stengefort a virun allem der Madam Dublin-Felten, der Madam Fernandes an der Madam Thurmes e grousse Merci fir hir Zäit an d’Deele vun all hiren Erfarungen.
Dës wäerten eis ganz nëtzlech a wäertvoll si bei der Ausschaffung vun eisem Konzept fir e méiglechen Tiers-Lieux an eisem Kanton.
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Leader Wëlle Westen
29/05/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Repair Café Kanton Réiden
22/05/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026