Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Den Natur- a Skulpturegaart vun der Gemeng Biekerech – gouf den 19. September bei schéinstem Hierschtwieder an a Präsenz vu villen Éieregäscht fir d’éischt dem Public virgestallt.
Hannert dem grousse Parking vun der Millen befënnt sech d’Agangsportal, dat an dëse spezielle Natur- a Skulpturegaart féiert. Op 15 Statioune kënnen d’Visiteuren Konschtwierker vu bekannte wéi och vu manner bekannte Kënschtlerinnen a Kënschtler entdecken, déi laanscht e Naturpad placéiert sinn a dozou alueden, Natur a Konscht am Aklang mateneen ze erliewen.
Virun allem ass de Camille’s Gaart awer en Hommage un eise fréiere Buergermeeschter Camille Gira, deen d’Gemeng vu 1990 bis 2013 geleet huet an iwwer d’Grenze vu Biekerech eraus fir eng nohalteg a sozialgerecht Politik stoung.
De Camille’s Gaart dréit dozou bäi, de Site vun der Millen nach méi attraktiv ze gestalten an d’Konschtoffer niewent der Millegalerie am ländleche Raum weider ze beräicheren.
De Natur- a Skulpturegaart ass zu all Moment fräi zougänglech; beim Spadséieren iwwer de net-befestigte Naturpad gëtt awer fest Schongwierk recommandéiert. Avis aux amateurs!
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026