LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
Eis grouss Bierger-Ëmfro an déi zwee uschléissend Bierger-Workshops, déi mir d'lescht Joer duerchgefouert hunn, hu gewisen, wéi wichteg et fir d’Awunner ass, datt et am Duerf Plaze gëtt, wou ee sech begéint, Zäit matenee verbréngt oder eppes ënnerhuele kann.
Dës Treffpunkte ginn Tiers Lieux genannt a ginn (vereinfacht no Ray Oldenburg) als Plazen definéiert, déi ausserhalb vum Doheem (premier lieu) an der Aarbechtsplaz (deuxième lieu) leien, also Raim, wou d’Awunner sech gären treffen an informell versammelen.
Sou en Tiers Lieu kann ënner verschiddene Formen entstoen: als Spillplaz fir Kanner, als Fräizäit- oder Sportanlag, oder och als Café, dee vun engem Veräin bedriwwe gëtt.
Fir zesumme Méiglechkeeten ze diskutéieren, wéi esou en Tiers Lieu d’Duerfliewen an Ärer Gemeng beräichere kann, wéi eng Viraussetzunge gebraucht ginn a wéi eng konkret Ëmsetzung méiglech ass, invitéiere mir Iech op e Bierger-Workshop den 29. November am Kader vum Gemengepakt fir d’interkulturellt Zesummeliewen. Déi genee Detailer kritt Dir demnächst per Flyer matgedeelt.
Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech eng Visioun vu flotten Treffpunkten z’entwéckelen – an dës duerno gemeinsam ëmzesetzen.
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026