Réidener Jugendtreff
Wann Europa sech zu Houltz begéint: eng Woch, déi 40 Jonker verännert huet
17/08/2026
Dënschdes sinn déi 241 Schüler vu 7e fir hiren éischte Schouldag an den ALR komm. Deen Dag ware si aleng am grousse Lycée, hunn hir Klassekomeroden an hir Enseignante kennegeléiert a krute vu Schüler vun 2e, déi Nomëttes fräiwëlleg an den ALR komm sinn, d’Gebai an d’Alentoure gewisen.
Mëttwochs war dann och Rentrée fir all déi aner Schüler, dat sinn der dëst Joer am ganzen 1415, dovunner 24 Studenten, déi fir de BTS Ressources humaines ageschriwwe sinn.
Am Enseignement secondaire classique sinn 620 Schülerinnen a Schüler ageschriwwen an am Enseignement Secondaire générale sinn et der 771. Dovunner sinn 131 op enger Terminale a wäerten dëst Joer alles gi fir den 3. Juli op der Diplomfeier op der Bün kënnen ze stoen.
De Wocheplang gouf ersat duerch den Übungsplang. Ee flexibelen Übungsplang setzt op geziilt an intelligent Antrainéiere vu schouleschen Inhalter, ouni am rigide Woche-Rhythmus mussen ze funktionéieren, mee mat enger klorer Ausriichtung op déi nächst Evaluatiounsmomenter vum Schüler. Den Übungsplang gëtt fir all d’Klasse vu 7e bis 4e agesat.
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026