Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Samschdes, den 13. September 2025, war zu Gréiwels beim Fussballsterrain grouss Stëmmung: d’Gemeng Groussbus-Wal hat zesumme mat der Gréiwelser Pompjeeën A.s.b.l. op d’Ouverture vun der neier Spillplaz an dem Beach-Volleyballsterrain agelueden.
D’Spillplaz, ganz am Thema vun de Pompjeeën, gouf komplett a mat vill Häerzblutt vun der Gréiwelser Pompjeeën A.s.b.l. geplangt a finanzéiert.
Mat originelle Spillelementer an engem kannerfrëndleche Konzept suergt si fir Begeeschterung bei Kleng a Grouss.
Dëst ass eng flott Beräicherung fir d'Kanner a fir d'Duerfliewen, dofir seet d'Gemeng e grousse Merci!
Och den neie Beach-Volleyballsterrain, entstan duerch ee LEADER-Projet „Ideenwerkstatt Groussbus-Wal“ ass eng Beräicherung fir dee ganze Site; en éischte Match huet fir sportlech Dynamik gesuergt an den neie Sandterrain konnt direkt esou richteg a Betrib geholl ginn.
Nieft der neier Spillplaz an dem Beach-Volleyballsterrain ëmfaasst de Site déi 2 Foussballsterrainen, eng Boulepist an eng Grillplaz. Domat ass de Site scho gutt equipéiert, an enger weiderer Entwécklung steet näischt am Wee.
No der offizieller Aweiung stoung en Apero a Gegrills um Programm, zerwéiert vum Club Nei Brasilien an der Jeunesse Groussbus.
Mir soe jidderengem Merci deen zu dëser gelongener Ouverture bäigedroen huet!
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026