Gemeng Rammerich
Vide-Grenier an der Gemeng Rammerich - Samschdes, den 15. August
30/06/2026
An der Schoulrentrée huet d’Gemeng Préizerdaul e Concours gestart: et geet drëm fir esou vill wéi méiglech Korkestëpp – vu Wäin- a Schampesfläschen – ze sammelen. Firwat dës Korkestëpp gebraucht ginn, gitt Dir an dësem Interview mat der Responsabel vun dëser Aktioun, dem Arlette Hoffmann vun der Préizerdauler Gemeng gewuer.
Korkestëpp gi gesammelt fir Assistenzhënn vun der ASA – Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl - ze parrainéieren.
Et ginn 9.721.627 Korkestëpp gebraucht fir 1 Assistenzhond mat senger ganzer Ausbildung ze finanzéieren.
Einfach Korkestëpp sammelen an Ärer Maison Relais oder op Ärer Gemeng ofginn. D’Aktioun leeft bis den 30. Juni 2026.
Meng Motivatioun fir ASA ze ënnerstëtzen ass entstanen, wéi ech de Replay, en Assistenzhond, kennegeléiert hunn. Meng Duechter, d‘Aline Kuffer, schafft mat Kanner à besoin spécifique, an de Replay assistéiert dobäi.
Doheem ass de Replay e ganz normale Mupp, deen och mol Topegkeete mécht. Mee soubal hie moies op d’Aarbecht fiert, ass en e ganz aneren Hond: hie weess genee, wat en ze dinn huet, a mécht seng Aufgab mat vill Léift a Gedold.
Ech sinn iwwerzeegt, datt d’Muppe vun ASA eng grouss Beräicherung op hiren Aarbechtsplazen duerstellen.
Arlette Hoffmann, Gemeng Préizerdaul, T. 26 62 99 190 (moies)
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Gemeng Réiden
18/06/2026
Gemeng Préizerdaul
18/06/2026
Gemeng Biekerech
18/06/2026
Gemeng Useldeng
27/05/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026