
Kanton Réiden Sports
Wassersport-Kolonie zu Elburg (NL)
22/08/2025
1 Joer laang hunn e puer Jugendlecher vum Réidener Jugendtreff aktiv geschafft (Kanneranimatioun, Facepainting, Kuchverkaaf, Adventskränz,....) fir eng kulturell a karitativ Rees an Thailand ze erliewen.
Gläich an den éischten Deeg an Thailand hunn déi Jugendlech an hir Educatricen d'Geleeënheet gehat , d'thailännesch Kultur ze entdecken. Si hunn déi wirtschaftlech Ënnerscheeder gespuert a Plaze wéi de Maeklong-Zuchmaart, de Bootsmaart vun Damnoen Saduak an eng Rei buddhistesch Tempele besicht.
D'Begéinung mat der lokaler Mentalitéit – vun der Einfachheet, der Freed an der onvergläichlecher Gaaschtfrëndlechkeet – huet bei allen en déiwen Androck hannerlooss.
Duerno goung et weider an den Norden op Chiang Rai: Wäissen a Bloen Tempel, lieweg Ambiance um Night Market stoungen do um Programm.
De Grupp huet dunn 3 Deeg bei enger Famille gelieft. Mir hunn zesumme gekacht, d'Konscht vun der Rechtschreiflech geléiert an onvergiesslech Momenter mat Déieren, besonnesch mat Elefanten, erlieft.
Een Dag war ganz dem sozialen Engagement gewidmet: d'Verdeele vu Liewensmëttel a Schoulmaterial an aarmen Dierfer a Schoulen – eng beweegend an emotional räich Erfarung.
Vun Chiang Rai aus huet d'Aventure weider op Chiang Mai gefouert. Hei hunn déi Jonk Tempelen entdeckt, e Sonnenopgank iwwer de Bierger bewonnert, sech am Grand Canyon Aquapark ausgetoobt an Thaï-Boxkämpf gesinn. Beim schlenderen duerch déi lieweg Nuetsmäert war fir jiddereen eppes dobäi.
Eng weider Etapp war dat klengt Duerf Pai, ëmt déi 760 Kéiere fir do unzekommen, wou de Grupp eng roueg Ambiance, natierlech Waasserfäll a waarm Quelle konnt genéissen.
Vu Pai ass et den Dag drop Richtung Chiang Mai eroof gaange fir do de Nuetszuch ze huelen.
No enger ongewéinlecher Nuecht am Zuch, zréck op Bangkok, stoungen déi lescht Deeg : Akafen, een Tuer duerch de Lumphini-Park, Entdeckung vum Street Art, d'Visitt vun engem Panoramatuerm, un.
Den absoluten Héichpunkt: e frëndleche Besuch an enger Spillschoul, wou mir mat lokale Kanner gespillt a gedanzt hunn.
D'Heemrees op Lëtzebuerg ass mat Nostalgie ugetruede ginn, mä och mat onvergiessleche Souveniren.
De Grupp seet der Oeuvre Grand Duchesse Charlotte an dem Personal vum Jugendtreff ee Grousse Merci dat si dës onvergiesslech Rees iwwerhaapt erméiglecht hunn.
Kanton Réiden Sports
22/08/2025
Atert Lycée Réiden
22/08/2025
Atert Lycée Réiden
20/08/2025
Foyer de Jour A Butzen
19/08/2025
Réidener Jugendtreff
10/07/2025
Atert Lycée Réiden
09/07/2025
Kultur-Agenda
26/08/2025
Club Atertdall
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Gemeng Rammerich
25/08/2025
Gemeng Réiden
25/08/2025
Vision territoriale
25/08/2025