Réidener Jugentreff
Erasmus+-Projet „MIND AND MOVE“ vum 9. bis de 16. Juli 2026
18/06/2026
Zanter der Rentrée 2023/24 bitt den ALR en neie BTS (Brevet de Technicien Supérieur) am Beräich vun de Ressources humaines un – eng Première zu Lëtzebuerg. Am Juli huet déi éischt Promotioun dës zweejäreg Formatioun (BAC+2) ofgeschloss. D’Simone Meyer an den John Klemmer koordinéieren dëse BTS an äntweren op eis Froen.
D’Iddi ass entstanen, well et mat engem Premières-Diplom ëmmer méi schwéier gëtt, eng interessant Aarbecht ze fannen. Gläichzäiteg gëtt et um lëtzebuergesche Marché en héije Besoin u qualifizéiertem RH-Personal. Dëse BTS soll eng Äntwert op dës konkret Nofro ginn.
Nieft technesche Kompetenzen, wéi Recrutementer, Personalentwécklung, intern Kommunikatioun, Bien-être op der Aarbechtsplaz, gëtt och e grousse Wäert op mënschlech a sozial Kompetenze geluecht – wéi Kommunikatiounsfäegkeet, Empathie,Teamfäegkeet oder Konfliktmanagement. D’Formatioun ass op eis lëtzebuergesch Realitéit ugepasst an a Kooperatioun mat der HR Community entstan.
BTS-Diploméierter si staark um Aarbechtsmarché gefrot. Si kënnen direkt an de Beruff eraklammen oder weiderstudéieren. Den Avantage vun eisen RH-Diploméierten: si kennen d’lëtzebuergescht Aarbechtsrecht a kënnen direkt agesat ginn.
Déi éischt Resultater si ganz positiv: All d’Studenten aus der éischter Promotioun hu scho wärend hirem Stage eng Aarbechtsoffer kritt. Dat ass fir eis eng kloer Bestätegung vun der Qualitéit vun eiser Formatioun, an och en Zeechen derfir, dass d’Roll vun de Ressources humaines an de Betriber ëmmer méi unerkannt gëtt an dass qualifizéiert Leit an dësem Domaine gesicht ginn.
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026