Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Jo sécher! D’Ouverture vum Kropemannsfest ass wéi gewinnt um 10h00 mam Politiker-Theater am Worréspark an natierlech mam Ëmfang vum Kropemann. Dës Joer staamt d’Theaterstéck aus der Fieder vum Frank Kuffer an heescht „D’Kroun an der Pensioun“. Et geet ëm den Trounwiessel an ëm d’Gemengefusiounen. An der Regie sinn d’Monique Kuffer an d’Lucie Schneider-Hengen.
Vun halwer 10 u spillt RedSAX bei der Bün an et gi gratis Kaffi a Croissanten.
D’Entrée vum Theater ass wéi ëmmer gratis.
Mir hunn 145 Stänn vun Aussteller, wat en neie Rekord ass. Dobäi kommen dann nach Iess-a Gedrénksstänn vun eise Veräiner. Mir bidden och eng ganz Rei Kanneranimatiounen un.
Mir hu 4 Bünen opgeriicht an nach eng Rei Stroossemusikanten organiséiert. De Cortège gëtt vun der Réidener-an Nojemermusik assuréiert. Follgend Gruppen trieden op: 7 Moukekingen, Bottlenecks, Ever Dance, Fye and the Mockingbirds, Hunneg-Strëpp, Kontrollverlust, Les Brasseurs, Lungo & Mil, Musik Gemeng Ell, Nojemer Musik, RedSAX, Spuerkees Big Band, Zero Point Five.
Nei ass dass näischt méi op der Wiss ass, wëll dëst ëmmer e Problem war, wann et gereent huet. Déi gréisste Bün souwéi d’Iess- a Gedrénksstänn, sinn elo all um grousse Parking bei der Brauerei. Mir hunn och nei Iessméiglichkeeten, nieft deenen normale Grillsaachen , ass d’Auswiel gewuesst : Salotbowlen, Taboulé, Chicken Wings, Chicken Nuggets fir der nëmmen e puer ze nennen. Et fueren och elo Busnavetten an d‘Nopeschgemengen, an d’Unzuel un Toiletten a Wéckeldëscher ass eropgesat ginn.
Méi Info: www.reidener-kropemannsfest.lu
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026