Réidener Jugendtreff
Wann Europa sech zu Houltz begéint: eng Woch, déi 40 Jonker verännert huet
17/08/2026
Moies, den 19. Juli, war et erëm esou wäit: d’Waassersport-Kolonie vum Service Sports stoung un. Iwwer 380 km ass et fir eis op Elburg beim Veluwemeer – e kënschtlech ugeluechte Mier – gaangen.
36 sportbegeeschtert Kanner a Jugendlecher haten d’Méiglechkeet, Wandsurfen oder Catamaran-Seegelen ze léieren, bezéiungsweis hir Technik ze verfeineren. D’Méiglechkeet, de Seegel- oder Wandsurfschäin ze maachen, gouf och gebueden an och genotzt.
Um Waasser si mir awer och Kayak a Stand-Up-Paddle fuere gaangen. De Rescht vun der Zäit hu mir eis mat Aktivitéiten ewéi Wikingerschach, Beachvolleyball, Trampolinsprangen oder Basketball ausgetoobt.
„Zesummenhalt, sportlech an opreegend“ – esou géing ech d’Kolonie an dräi Wierder beschreiwen.
Wat d’Owesiesse betrëfft, huet jidderee eng Hand mat ugepak: an deenen eenzelen Haiser, op déi de Grupp um Ufank vun der Vakanz opgedeelt gi war, gouf gekacht – an, wann d’Wieder et erlaabt huet, hu mir all zesumme bausse giess.
De leschten Dag gouf mat enger Ronn Waasser-Rugby gestart. Am Uschloss gouf eng kleng Reflexiounsronn gemaach, ier mir en Ausfluch an d‘Stad Elburg gemaach hunn.
De leschten Owend hu mir du mat Gegrilltem an enger Beachparty ausklénge gelooss, bevir et den nächste Moien erëm zeréck op Lëtzebuerg gaangen ass.
Léonie Mangen, 17 Joer (Participant an der Kolonie)
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026