Atert Lycée Réiden
D’Internat vum Atert-Lycée Réiden
13/04/2026
Freides, de 4. Juli war déi grouss Diplomfeier am ALR. 104 Primaner hunn hire Premièresdiplom vun der Madame Martine Molitor, Premier Conseiller am Educatiounsministère, ënnert dem Applaus vun Elteren, Enseignanten an de lokale Politiker aus dem Kanton Réiden iwwerreecht kritt.
De Festsall vum Atert-Lycée war mat 400 Leit bis op de leschte Stull gefëllt, d’ALR-Chorale an d’ALR-Brassband hu fir eng feierlech Stëmmung gesuergt. Den Direkter Jeff Kohnen huet a senger Usprooch déi exzellent Resultater ervirgehuewen: Am Enseignement classique hu 94 % den Exame gepackt – 11 % méi wéi déi national Moyenne. Vu 56 SchülerInnen hu just zwee en Noexamen an een en Echec gehat.
Och am Enseignement général louch den Taux de réussite 8 % iwwer der nationaler Moyenne. Bei der Techniker-Formatioun hunn déi 14 SchülerInnen aus de Sektioune Commerce a Gebäudetechnik all hiren Ofschloss gepackt.
Véier vun eise Lauréate hu mat enger Moyenne vun op d’mannst 52 Punkten eng Mention „Excellent“ erreecht a goufe mat engem spezielle Cadeau geéiert.
No der offizieller Zeremonie goufen d’Gäscht op eng Rezeptioun invitéiert, an d’Feier ass bis spéit an den Owend era gaangen.
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026