
Atert Lycée Réiden
Mam Vëlo an den ALR 2025
09/07/2025
Am Jugendtreff stinn déi Jonk am Mëttelpunkt vu kreative Projeten, déi hier perséinlech Ausdrocksfäegkeet an en engagéiert Matgestalte vun eiser Gesellschaft fërderen. Dëse Summer 2025 lafen eng Rei spannend Initiativen, déi de Jonke Raum gi fir sech auszedrécken, nozedenken an Neies z’entdecken.
Dat mentaalt Wuelbefanne vun de Jonke steet am Mëttelpunkt vun dësem Projet, ënnerstëtzt vun der Fondation André Losch. Zil ass et, den Ausdrock vu Gefiller duerch kënschtleresch Atelieren ze fërderen – Fotographie, Bitzen, Molerei oder och Schreiwen. Et goufe Weekender ugebueden (an et sinn nach weiderer geplangt), fir an engem protegéierte Kader verdéift an d’Emotiounen anzedauchen.
Op Ufro vun de Jonken ass och en Deel Mediatioun mat Déieren dobäikomm: iwwer d‘Reide bauen d’Participanten eng berouegend Bezéiung mat Päerd op, wat hëlleft bei der Kontroll vun hiren Emotiounen a bei der Stäerkung vun hirem Selbstvertrauen.
De Projet fënnt säin Ofschloss an enger kënschtlerescher Ausstellung mat engem Moudendefilé, wou d‘Kleeder-Kreatiounen aus den Ateliere gewise ginn – eng staark a kreativ Méiglechkeet fir der Stëmm vun de Jonke ronderëm dëst wichtegt Thema Gehéier ze ginn.
Mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte geet e weidere Projet op Froen iwwer d‘Geschlecht an. Iwwer Danz a kierperlechen Ausdrock gi jonk Leit invitéiert, sech fräi an enger inklusiver Atmosphär auszedrécken. Parallel zur Preparatioun vun enger Schluss-Virstellung ginn och eng Konschtausstellung a Portraits-Photoe presentéiert, déi de perséinleche Parcours vun de Participante beliichten.
De Réidener Jugendtreff bleift eng lieweg Plaz, wou nach vill aner Projete lafen. Regelméisseg kënschtlerech Ateliereën erméiglechen et de Jonken, verschidde Ausdrockformen z’erfuerschen. Nieft enger sportlecher Rees an d’Ausland steet och eng kulturell Rees an Thailand um Programm – méi dozou an engem nächste Reportage.
Och wärend der Summervakanz bleift de Jugendtreff op a bitt e frëndleche Kader fir déi Jonk. Spillaktivitéiten, Ausflich bei de Séi an entspaante Momenter erlaben et hinnen, sech ze erhuelen a sozial verbonnen ze bleiwen.
De Réidener Jugendtreff bitt weiderhin e Raum, wou jonk Mënschen sech fräi ausdrécke kënnen, zesumme gestalten, sech fir anerer opmaachen a mat Selbstvertraue wuesse kënnen. E räiche Programm, deen d’Wichtegkeet vun engem oppene, verständnesvollen a kreativen Encadrement ënnersträicht.
Fir méi Informatiounen zu eisen Offeren, kontaktéiert eis gären um 23620657 oder iwwer eis sozial Medien.
D’Ekipp vum Réidener Jugendtreff
Reidener Jugendtreff
13, Grand-Rue
L-8510 Redange
Tel: 23620657
Atert Lycée Réiden
09/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
08/07/2025
Atert Lycée Réiden
01/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
27/05/2025
Kanton Réiden Sports
21/05/2025
Foyer de Jour A Butzen
24/03/2025
Kanton Réiden
10/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
09/07/2025
Kultur-Agenda
15/07/2025
Kanton Réiden Vivre Ensemble
14/07/2025
Gemeng Réiden
11/07/2025
Gemeng Ell
11/07/2025