Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
En Donneschden, de 12. Juni 2025 gouf dat touristescht Vakanzenhaus zu Kaalmes offiziell ageweit.
No de Riede vum Buergermeeschter Gérard Zoller an dem Här Minister Eric Thill konnten d’Leit sech bei engem flotte musikaleschen Encadrement vu Wa-Ta Touille ënnereneen austauschen.
Mat engem Oldimerbus vu Carbon goufen d’Visiteure vun der Aler Molkerei bis bei d’Vakanzenhaus gefouert, wou se sech du selwer ee Bild vun dem nei renovéierte Gebai konnte maachen.
Bei dëser fréierer Duerfschoul trëfft Geschicht op Confort an d‘Touriste kënnen hei bei enger flotter a friddlecher Panorama-Siicht gutt zur Rou kommen an ofschalten.
Fir Fräizäit Aktivitéiten ass mat de sëllege Vëlos- an Trëppelweeër uechter d’Géigend och gesuergt an owes kënnen d’Visiteure vum Vakanzenhaus hire Vëlo sécher an enger Vëlosgarage ënnerbréngen.
D’Vakanzenhaus huet 5 Schlofkummere mat eegenem Buedzëmmer. D’Vakanzenhaus ass ideal fir Familljen, Frënn, Gruppenausflich oder och fir eenzel Persounen.
Bis zu 10 Leit kënnen hei bequeem Plaz gebuede kréien.
Buchen kann een d’Vakanzenhaus iwwer www.simpleviu.com
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026