
Réidener Jugendtreff
Summerprogramm 2025 vum Réidener Jugendtreff
10/07/2025
Vum 24. Juni bis den 1. Juli ware vill Schüler sou wéi och d’Personal aus dem ALR sportlech ënnerwee an hunn sech Moies op de Vëlo getraut fir beim Mam Vëlo an den ALR matzemaachen.
Wärend 6 Deeg sinn am ganze 75 Schüler a 19 Leit vum Personal (70 % méi wéi d’lescht Joer) aus dem ALR mat Zäiten opgestan fir Moies mam Vëlo an d’Schoul ze kommen. Fir all déi motivéiert Vëlosfuerer gouf et Moies e Croissant, e Jus, e Stéck Uebst an e puer Gadgeten. Insgesamt sinn esou 5128 km bei de Schüler an 1280 km beim Personal gefuer ginn.
Sou wéi d’lescht Joer, huet de Luc Micket aus der 5CL1 déi 1. Plaz mat 284 km beluecht. Déi 2. Plaz geet un de Pit Richartz aus der 6G3 an déi 3. Plaz un zwee Bridder : de Samuel Roels aus der 5C5 an de Benjamin Roels aus der 7C2.
ei de Klasse ware besonnesch déi aus dem Cycle inférieur am Meeschten aktiv. Sou datt d’7C2 sech als 1. plazéiert, d’7C3 als 2. an d’7C1 als 3..
Et goufen och Präisser fir déi Schüler, déi all Dag mam Vëlo komm sinn trotz dem Reen an den héischen Temperaturen.
Och beim Personal konnte Präisser verdeelt ginn :
1. Plaz kritt de Steve Mondaini,
2. Plaz d’Sabrina Bravaccini
3. Plaz den Alexis Schloesser.
Dëst Joer wollte mir dat Departement beloune wat déi meeschte Kilometer zeréck leet a mat 310 km geet dee Präis un d’Sportsdepartement.
Déi vill Präisser konnten awer just verdeelt gi mat Hëllef vun eise Sponsoren : de Pall Center Uewerpallen, de Cactus Réiden, Chaussures Carine, Loll’s shoes, Härespënchen, Anny Wirth by Joy, Parfumerie April, Réidener Schwemm, Réidener Spënnchen, Opti-vue, Boucherie-Traiteur Niessen, Musée de l’Ardoise Haut-Martelange a Construction C. Jans. E besonnesche Merci geet un de Kanton Réiden, déi eis wéi all Joer bei eisem Projet ënnerstëtzen.
Mir si frou datt d’Editioun 2025 Mam Vëlo an den ALR en Erfolleg war a mir soen op dëser Plaz nach eng Kéier jidderengem e grousse Merci deen sech, mat oder ouni Vëlo, un der Vëloswoch bedeelegt huet. Ouni d’Ënnerstëtzung vun der Direktioun, der Loge an dem Service technique wier dëst sportlecht Event net méiglech gewiescht.
Den Organisatiounsgrupp Mam Vëlo an den ALR
Réidener Jugendtreff
10/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
08/07/2025
Atert Lycée Réiden
01/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
27/05/2025
Kanton Réiden Sports
21/05/2025
Foyer de Jour A Butzen
24/03/2025
Kanton Réiden
10/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
09/07/2025
Kultur-Agenda
15/07/2025
Kanton Réiden Vivre Ensemble
14/07/2025
Gemeng Réiden
11/07/2025
Gemeng Ell
11/07/2025