Réidener Jugentreff
Erasmus+-Projet „MIND AND MOVE“ vum 9. bis de 16. Juli 2026
18/06/2026
Eise Butzendag war och dëst Joer e richtegen Highlight fir eis grouss Butzen, déi am Hierscht an d'Schoul ginn. Fir si hu mir en Dag voller Entdeckungen, Spaass a schéine Momenter organiséiert.
Den Dag huet mat engem spannende Besuch op der Foire Agricole zu Ettelbréck ugefaangen. D’Kanner konnte vill entdecken, erliewen a léieren – an dat alles op eng spilleresch Manéier. Et war e richtegt Erliefnis, mat villen Aha-Momenter a Geleeënheeten Neies ze entdecken.
All Kand hat e selwer gemoolten T-Shirt, deen et extra fir dësen Dag virbereet hat – eenzegaarteg a faarweg, genee wéi hat selwer!
Owes sinn d’Elteren op Besuch komm, an de Butzendag huet bei engem Patt an engem klengen Maufel, deen d’Elteren matbruecht hunn, e gemittlechen Ofschloss fonnt. Et war eng schéi Geleeënheet fir sech auszetauschen an zesummen de Moment ze genéissen.
Als Erënnerung un dëse flotten Dag krut all Kand eng kleng Tut mat e puer Kaddoen –e kleng Geste, dee mat grousser Freed entgéintgeholl gouf!
D’Kanner waren um Enn vum Dag zwar midd, mee ganz houfreg a glécklech iwwer dat, wat si erlieft hunn.
All Joer erëm e wonnerschéinen Dag, op dee mir eis freeën!
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026