Réidener Jugendtreff
Wann Europa sech zu Houltz begéint: eng Woch, déi 40 Jonker verännert huet
17/08/2026
Vum 1. bis de 4. Abrëll 2025 huet den Atert Lycée Réiden déi zweet Editioun vu sengem pedagogesche Projet « ALR U Ready » organiséiert, dee sech un d’Klassen aus der Voie de préparation riicht. Ënnert dem Motto « Eat. Move. Repeat. » hunn 150 Schüler geléiert, wéi een e gesonden an aktive Liewensstil entwéckelt an dobäi sozial Kompetenzen an den Teamgeescht stäerkt.
D‘Woch, déi vun engem engagéierten Team op d’Bee gesat gouf, huet kulinaresch Atelieren, sportlech Aktivitéiten an Interventioune vun Experten verbonnen. D’Participanten hunn och a gemëschte Gruppen an diversen Ateliere geschafft, déi um Site vum Lycée ofgehale goufen, ergänzt duerch pädagogesch Ausflich auswäerts.
Den Highlight war den Dag vun de « Westlandgames »: all Klass huet eng kreativ Devise mat Kostümer a Choreografie presentéiert, ier se bei sportleche Competitiounen a gemeinschaftlechen Challenges am Fräie géinteneen ugetruede sinn.
Déi bescht Leeschtunge goufe mat enger Sortie an de Kino belount. Schüler an Enseignanten hunn dës Woch als immens beräichernd an ofwiesslungsräich ëmpfonnt.
Den Atert Lycée Réiden seet allen, déi zum Erfolleg bäigedroen hunn, e grousse Merci – besonnesch dem Team vun den Enseignanten, der Direktioun, dem Gesondheetsministère an dem Programm « Gesond iessen. Méi beweegen » fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.
D’Schoulgemeinschaft freet sech schonn op eng drëtt Editioun.
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026