LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
Den 29ten Juni war et erëm esou wäit! De Service Tourisme & Vivre Ensemble vum Kanton Réiden hunn op hiert touristescht Fest fir Grouss a Kleng invitéiert. Dëst Joer huet de Weekend vum Wëlle Westen op der Biekerecher Kulturmillen stattfonnt.
Begleet vun der Musiksschoul Kanton Réiden, ënnert der Moderatioun vum Christian Schmit, a mat Ënnerstëtzung vun der Kulturmillen gouf de Weekend vu sëllege Politiker*innen an Éieregäscht ageleet.
Fir Animatioun, Iessen & Gedrénks a Spill & Spaass war iwwert de ganze Sonndeg gesuergt. D’Visiteuren haten d’Méiglechkeet fir d’Stänn aus der Regioun ze bewonneren a bei gratis Aktivitéite matzemaachen. Vun Intefëschen, Facepainting, Karussell, Potty Lotty, Kraider erëmfanne bis hin zum Schiferatelier oder Sprangseeler selwer dréinen; eng gutt Zäit fir déi ganz Famill war garantéiert!
Niewebäi war natierlech och fir musekalesch Begleedung gesuergt mat Hëllef vun Djembé, Gans’ Anders an Hunneg-Strëpp.
De Service Tourisme & Vivre Ensemble vum Kanton Réiden seet all den touristesche Partner a Veräiner e grousse Merci, déi zum Succès vun dësem Event bäigedroen hunn! Vu datt de Weekend vum Wëlle Westen all Joer op engem aneren touristesche Site stattfënnt, rode mir Iech un: stay tuned!
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026