Repair Café Kanton Réiden
Repair Café zu Ell : 22.November 2025
23/10/2025
 „Alles kënnt zu senger Zäit“ – kaum e Spréchwuert passt besser op de Projet vum Wandpark Kanton Réiden. No jorelaangem Waarden a sëllege Gedoldsprouwen ass et elo esou wäit: Déi 5 Wandrieder kënnen endlech opgeriicht ginn!
E puer wichteg Informatiounen iwwert eise Wandpark:
D’SOLER (Société Luxembourgeoise des Energies Renouvelables) an de Syndicat Kanton Réiden sinn d’Promoteure vum Wandpark. D’Ekipp vu SOLER huet vun Ufank un d’Dossiere virbereet, d’Koordinatioun vun den Etüden souwéi d’Demande fir d’Geneemegungen iwwerholl. D‘SOLER ass och responsabel fir de Chantier an duerno fir d‘Exploitatioun.
Dräi Wandrieder kommen an d’Gemeng Rammerech, eent an d’Gemeng Ell an eent an d’Gemeng Réiden.
 Déi véier Wandrieder vum Typ Enercon E138 hunn hier Gondel op 160m Héicht an d’Flilleke si jeeweils 69 m laang. Hier Leeschtung ass 4,26 MW.
D’Wandrad bei Foulscht ass vum Typ Enercon E115, mat enger Gondelhéicht vun 149 m, enger Flillekelängt vun 57,5 m an der selwechter Leeschtung vun 4,26 MW. 
 Dës 5 Wandrieder vun der neister Generatioun hunn eng enorm Produktiounskapazitéit (zesummen ongeféier 50 GWh/Joer) a wäerten e ganz groussen Impakt op d’Energieautonomie vum Kanton Réiden hunn.
No der kompletter Inbetribnam, viraussiichtlech Enn 2026, wäert d’Produktioun vum Stroum aus erneierbaren Energien am Kanton, am Verglach zu 2024, verduebelt sinn. Wa mer d‘Produktioun vum neie Wandrad vu Biekerech bäirechnen, wäert de Kanton 110% vu sengem gesamte Stroumverbrauch (bezunn op 2024) decken. Iwwer d’Joer gekuckt, hätte mir dann zuguer een Iwwerschoss vun 10%.
Stéierungen am Verkéier si bei esou engem Chantier leider net ze vermeiden, besonnesch wéinst dem heefegen Transport u Material- a Maschinnen. Well déi 5 Sitten awer wäit ausernee leien, verdeelt sech dëse Verkéier. D‘SOLER wäert mat den Anrainer an de Baueren a stännegem Kontakt stoe fir d’Stéierungen sou wäit wéi méiglech ze begrenzen. Verschidde Momenter wäerte méi spannend si wéi anerer – d’Liwwerung vun de bal 70 Meter laange Flilleke wäert zum Beispill e spektakulären an ëffentlechen Event ginn.
De Stroum gëtt lokal agespeist a lokal genotzt. Den Iwwerschoss gëtt an dat nationaalt Netz agespeist.
SOLER
info@soler.lu
T. 2631611
Repair Café Kanton Réiden
23/10/2025
Repair Café Kanton Réiden
09/10/2025
Wandpark Kanton Réiden
03/10/2025
Pacte climat
10/09/2025
Äerdschëff
01/09/2025
Kanton Réiden Environnement
25/08/2025
Kanton Réiden
27/10/2025
Kanton Réiden
03/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
Foyer de Jour A Butzen
29/10/2025
Chrëschtdag Agenda
28/10/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025