Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
E Sonndeg, den 1. Juni, huet déi 2. Editioun vum grenziwwerschreidende Vëlostour am belsch-lëtzebuergeschen Atertdall stattfonnt. Eng 80 Vëlosfuerer vu béide Säite vun der Grenz sinn am Laf vum Dag bei enger vun de véier ugebuedene Strecke matgefuer.
Och eng Rei vun eise Politiker huet sech dem Gruppendepart moies ugeschloss.
Dëse Vëlostour ass eng vun de ville gemeinsamen Aktivitéiten, déi d’Gemengen aus dem belsch-lëtzebuergeschen Atertdall zesummen organiséieren. D’Frëndschaft tëscht de Gemenge souwéi de Spaass um Vëlofuere stoungen hei am Mëttelpunkt.
Zu Ell huet de Club des Jeunes vu Kolpech fir dat leiflecht Wuel gesuergt. Besonnesch schéin war, dass och hei de Fokus op lokal Produiten geluecht gouf – ënner anerem mat Kéis, Béier a Zoossiss aus eiser Grenzregioun.
De Vëlostour gouf organiséiert vum Syndicat d’Initiative du Val d’Attert, dem Parc naturel de la Vallée de l’Attert, der Gemeng Ell an dem Syndikat Kanton Réiden. Mir soe jidderengem, deen de Wee matgefuer ass, sou wéi dem Club des Jeunes vu Kolpech fir säin Engagement um Iess- a Gedrénksstand, e grousse Merci!
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026