Kanton Réiden Vivre Ensemble
Zesumme liewen, Kulturen deelen: Wat verbënnt eis?
27/10/2026
Wéineg Leit wëssen, dass et zu Réiden en Arboretum gëtt. De Joé Trossen, haut 77 Joer al, huet dësen aussergewéinleche Park viru ronn 45 Joer ugeplanzt an zanterhier mat vill Léift an Engagement geheegt a gepfleegt.
Sonndes, den 25. Mee, huet de Joé Trossen d’Diere vu sengem Arboretum fir d’Ëffentlechkeet opgemaach. Hien huet den iwwer 30 Visiteuren eng ganz Rei vu sengen honnert Beem op eng informativ Aart a Weis virgestallt.
Vill Besicher hu sech vun der Leidenschaft vum Joé Trossen ustieche gelooss a si mat neiem Wëssen an nach méi grousser Bewonnerung fir d’Beem heemgaangen.
Den Erléis vun dëser Visite gëtt vum Joé Trossen u Médecins du Monde gespent.
Mir soen dem Joé Trossen e grousse Merci fir seng Invitatioun, seng Zäit a säi Wëssen – a wënschen him nach vill schéi Stonnen an engem Arboretum.
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
21/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2026
E Stopp fir de Mupp
28/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026