Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
An der Rue de Vichten zu Useldeng starten an deenen nächste Wochen d’Aarbechte vun engem moderne Gesondheetshaus.
Eng Biergerëmfro am Kader vun der Vision territoriale huet nämlech e Manktem u medezinescher a paramedezinescher Infrastruktur am Kanton opgewisen. Doropshin huet den Useldenger Schäfferot dëst a seng Schäfferotserklärung afléisse gelooss an 2023 sinn d’Pläng ausgeschafft ginn.
Am Oktober 2024 huet de Gemengerot de Projet an déi geplangte Baukäschten an Héicht vu 4,96 Milliounen Euro eestëmmeg ugeholl.
Geplangt sinn: Dokteschpraxissen, e Laboratoire, 3 Cabinete fir Psychologen a Psychotherapeuten, souwéi Raim fir Ergo- a Kinesitherapie. Et entstinn 34 Parkplaze fir Patienten a 14 fir d’Personal. D’Gebai ka spéider ausgebaut ginn, z.B. fir eng Apdikt.
Ee Cabinet médical vu 120 m² am Rez-de-chaussée ass nach ze verlounen. D’Aarbechte solle viraussichtlech 2026 ofgeschloss sinn.
Dir sidd Generalist oder Spezialist a sidd interesséiert Iech am neie Gesondheetshaus nidderzeloossen? Da kommt gären op eis zou – kontaktéiert eise Service technique ënner technique@useldeng.lu
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026