Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Den 29. Mäerz war et esou wäit: No Méint voller Virbereedung a Planungsaarbecht konnt de neie Skatepark zu Biekerech an engem feierleche Kader ageweit ginn. Dësen Dag stoung ganz am Zeeche vum Sport, der Jugend an dem Zesummenhalt an eiser Gemeng.
Bei stralendem Sonneschäin an héichfréijoersleche Temperaturen hat de Wanter endlech Plaz gemaach fir eng richteg Fréijoersstëmmung – ideal Konditiounen also fir eng flott Aweiungsfeier. Vill Leit aus der Gemeng an och aus dem Ëmfeld ware komm, fir dëse Moment mat z’erliewen. Eis Gemeng hat d’Éier, och de Sportminister Georges Mischo op dësem wichtege Rendez-vous ze begréissen.
D’Traditioun vum Skaten zu Biekerech geet schonn zréck bis virun 2003, wou eng éischt Ramp aus Holz opgestallt gouf. 2013 gouf dës duerch eng modern Betonsstruktur ersat. Am Kader vum Schoulcampus-Projet gouf de Park 2022 ofgebaut a krut elo säin neit Doheem hannert der Sportshal.
Besonnesch schéin ass, dass vill vun den ale Module erhale konnten a mat neien Elementer kombinéiert goufen – ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet an der zirkulärer Bauweis. Zesumme mat der Lëtzebuerger Skatefederatioun (LSF) gouf en neien, ufängerfrëndleche Parcours entwéckelt, deen fir all Niveau eppes ze bidden huet.
De Gesamtinvestissement fir de Projet läit bei iwwer 323.000 €, wouvun 35 % duerch de Ministère fir Sport matfinanzéiert goufen.
Nieft der sportlecher Aktivitéit gouf och fir Animatioun a gudde Maufel gesuergt: Foodtrucks, Skate- a Graffiti-Workshops hu fir eng super Ambiance gesuergt.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026