Réidener Schwämm
Sauna-Event – Oktoberfest den 16. Oktober 2026
28/08/2026
Sonndes, den 1. Juni, fënnt déi 2. Editioun vum grenziwwerschreidende Vëlostour statt, eng Aktioun déi sech an déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht tëscht de Gemenge vum Atert-Dall areit. Verschidde Strecken, mat Distanze vun 10 bis 50 km, ginn ugebueden, esou dass fir jiddereen eppes Passendes derbäi ass.
Fräien Depart tëscht 9:30 a 14:00 virun der Eller Gemeng. E gemeinsame Start vun Ell gëtt um 10:00 proposéiert. Bei dësem geféierten Tour kënnt Dir tëscht engem Circuit vun 20 km oder 50 km wielen.
Am Ganze ginn et véier Strecken: 10 km, 20 km, 30 km a 50 km. Keng vun de Strecken ass fir Coursevëloe gëeegent. D’Kaart an d’GPX-Fichiere fannt Dir ënner: https://www.komoot.com/de-de/collection/3256676/-balade-transfrontaliere-2025
Eng Umeldung ass net néideg, d’Bedeelegung ass gratis.
Um Depart a bei der Arrivée zu Ell erwaart Iech e Gedrénks- an Iessstand, organiséiert vum Club des Jeunes vu Koulbich.
Dëse grenziwwerschreidende Vëlostour gëtt organiséiert vum Parc naturel de la Vallée de l’Attert, dem Syndicat d’Initiative du Val d’Attert, vun der Cooperatioun vun de Gemengen aus der Vallée de l’Attert Belgo-Luxembourgeoise, der Gemeng Ell a dem Syndikat Kanton Réiden.
De Code de la Route vun de béide Länner gëtt respektéiert.
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026