Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
D'Veräiner sinn traditionell de Pilier vum Duerfliewen an eng perfekt Geleeënheet fir d'Integratioun vun neie Bierger. Hier Diversitéit - vu Sport iwwer Kultur bis Interessegruppen - ass grad esou beandrockend wéi den Engagement vu senge Memberen. Op der anerer Säit schéngt et e sozialen Trend ze ginn - verstäerkt zanter Corona - fir sech manner an de Veräiner z'engagéieren. Déi individuell Flexibilitéit kritt ëmmer méi eng héich Prioritéit wéi gemeinsam Erfarungen.
Dëst ass natierlech och e wichtegt Thema fir de Pakt vum Interkulturellen Zesummeliewen. "Zougang zu Informatioun, Biergerbedeelegung a Veräinsliewen" sinn eng vun den offizielle Missioune vum Pakt. Dofir hu mir e regionalen Aarbechtsgrupp gegrënnt fir eng Ëmfro ze maachen an erauszefannen, wéi d’Situatioun vun de Veräiner am Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg ass a wéi eng Form vun zukünfteger Zesummenaarbecht wichteg ka sinn.
Als éischt huet den Aarbechtsgrupp e Questionnaire a véier Sproochen ausgeschafft, dee vum Comité de pilotage fir de Pakt vum Interkulturellen Zesummeliewen iwwerpréift a validéiert gouf. Mir hunn dunn all d‘Gemengen am Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg kontaktéiert, fir si iwwert eis Absicht z'informéieren an eng aktuell Lëscht vun de lokalen Associatiounen an hire jeeweilege Kontaktpersounen ze kréien.
D'Veräiner haten ee Mount Zäit fir eis Froen ze beäntweren, awer och hir eege Froen ze stellen an hir eegen Erfarungen ze presentéieren. Am Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg sinn am Ganzen 286 Veräiner aktiv, 50 dovunner hunn un der Ëmfro deelgeholl. Hei publizéiere mir en éischten Iwwerbléck vun de Resultater. Déi detailléiert Resultater ginn natierlech den interesséierte Veräiner zur Verfügung gestallt.
Et ginn am Duerchschnëtt 12 Veräiner pro 1000 Awunner (Range vu d‘Gemengen: 9-15). Déi meescht vun den 286 Veräiner si Sportsveräiner (74), duerno traditionell Veräiner (53), Museksveräiner (42) a Kulturveräiner (28). Déi meescht Veräiner (80%) hunn och Memberen déi net an der Gemeng selwer liewen.
Déi gutt Noriicht ass datt 82% vun de Veräiner soen datt hir Memberen engagéiert sinn (56%) oder souguer ganz engagéiert (26%). Op der anerer Säit soen och 70% vun de Veräiner, datt et schwéier ass (50%) oder ganz schwéier (20%) nei Memberen ze fannen. Lëtzebuergesch gëtt a 66% vun de Veräiner geschwat, duerno Franséisch (17%) an Englesch (6%). D'Membere sinn och haaptsächlech Lëtzebuerger (40%), nieft haaptsächlech Belsch (15%) a Portugisen (11%).
Eisen Aarbechtsgrupp wäert weiderhin d’Kommentaren an vun de Veräiner am Detail ënnersichen a sech op déi zwee Beräicher Synergien a Kommunikatioun konzentréieren. Synergie - fir erauszefannen, wéi mir vun der Tatsaach profitéiere kënnen, datt déi meescht Veräiner schonn iwwer d'Gemengegrenzen eraus operéieren. Kommunikatioun - fir d‘Veräiner regional nach méi bekannt ze ginn.
E Start gouf mat der Datesammlung gemaach; elo ass et Zäit fir Aktiounen ze plangen. All Veräin ass häerzlech invitéiert matzemaachen a seng Expertise mat eisem Aarbechtsgrupp ze deelen.
karsten.kuepper@kanton-reiden.lu
T. 28334-210
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026