Club Soroptimist Mosaik
Kannerwonschbam 2025
19/01/2026
De 26. Abrëll 2025 organiséiert den ALR seng järlech Porte ouverte. Den Direkter vum ARL, de Jeff Kohnen, verréit eis e puer méi Detailer.
D’Portes ouvertes riichte sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 an hir Elteren, fir de Lycée a säi pädagogescht Konzept virzestellen. All Stonn gëtt am Festsall dozou eng Präsentatioun ofgehalen (ofwiesselend op Lëtzebuergesch an op Franséisch). Parallel dozou fannen a klenge Gruppe Visitten duerch d’Gebai statt. Am Hall si Stänn vun de verschiddene Fächer, Servicer (SePAS, ESEB, Service éducatif, Internat) an der Direktioun, wou d’Schüler an d‘Elteren eis hir Froe stelle kënnen. Och d’Internat ka besicht ginn. Natierlech ass och fir dat leiflecht Wuel gesuergt.
An éischter Linn wëlle mir eist pädagogescht Konzept mat FOLA-Stonnen, Wocheplang, COACH-Stonnen an engem extensive Stonneplang virstellen. Donieft präsentéiere mir natierlech och eis grouss Parascolaire Offer mat de Mëttesaktivitéiten an den ALR-Talents. D’Schüler an d’Elteren interesséiere sech dann natierlech och fir eis breetgefächert Offre scolaire am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire générale an der Voie de préparation.
Op de Visitten duerch de Lycée léiere Schüler an Elteren eis modern Infrastrukture kennen. All Grupp gëtt vun zwee Schüler an engem Enseignant begleet déi wärend der Visite déi néideg Informatioune liwweren.
Den Dag vun der Portes ouvertes sinn all d’Enseignanten an e Groussdeel vum Personal am Asaz. Si assuréieren d’Präsenz op de ville Stänn am Hall vum Lycée a sinn do fir den Elteren an de Schüler op hir Froen ze äntweren. Gläichzäiteg si vill vun eise Schüler deen Dag am Asaz, entweder als Guide op de Visitten oder op spezifesche Stänn an de Sciences naturelles wou si kleng Experimenter präsentéieren. D’Stänn mam Iessen a Gedrénks gi vum Personal, de Schüler an de Membere vum Elterecomité assuréiert.
Den 26. Abrëll ass vun 9 bis 13 Auer vill lass am ALR – e Besuch lount sech! Méi Infoen op www.alr.lu
Club Soroptimist Mosaik
19/01/2026
Youth & Work
08/01/2026
Wanter-Gewënnspill
24/11/2025
Soroptimist International Club Mosaik
24/11/2025
Crèche A Butzen
24/11/2025
Foyer de Jour A Butzen
29/10/2025
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
Gemeng Useldeng
02/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026