De Kanton Réiden Magazine
Fréijoers-Editioun 2026 vum Magazine De Kanton Réiden
18/03/2026
Den 29. Mäerz huet déi am Kader vum Pakt vum Zesummeliewen am Atert-Lycée Réiden organiséierte Konferenz iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg stattfonnt.
Mir freeën eis iwwert dee groussen Interessi un dësem wichtegen Thema, deen och eng zentral Missioun vum Pakt ass, a soen alle Participanten Merci fir de spannenden Austausch an déi fruchtbar Diskussioun, awer virun allem natierlech och d'Madame Lena Hatto (CCVEI Préizerdaul) fir d'Animatioun an eis invitéiert Experten Madeleine Yougye (One People asbl), Jessica Lopes (Cefis asbl) an Sabrina Castello (Ally Book Club asbl) fir hir immens Expertise.
Als Virbereedung op d'Evenement hu mir eng kleng Ëmfro gemaach, wou de Rassismus am Alldag evident ass. Déi Haaptberäicher, déi erwähnt goufen, waren Aarbecht an Aarbechtssich, Wunnsich a Schoul. Gläichzäiteg gouf erwähnt, datt vill betraffene Leit net wësse un wien se sech solle wenden, wa se no Hëllef sichen oder datt se net gleewen, datt si Hëllef kréien.
Dëst entsprécht den Erkenntnisser vun de LISER- a CEFIS-Etuden, déi d‘Madame Lopes virgestallt huet. Deemno follegt de Rassismus engem Äisbierg Modell, dat heescht, datt de siichtbaren Deel, Diskriminatioun bis zou Gewalt, baséiert op engem onsichtbaren Deel, Viruerteeler, onbewosst Bias a microaggressions.
D’Majoritéit vun de Betraffene reagéiert dorop, andeems se stëll bleiwen, deelweis wéinst engem Mangel u Wëssen iwwer d’Strukturen oder Mësstrauen un hinnen, souwéi Angscht virun de berufflechen a privaten Konsequenze vun enger Plainte. An dësem Kontext huet d'Madame Castello d'Konzept vun der Alteritéit als e Prozess diskutéiert, duerch deen Individuen a Gruppen behandelt a markéiert ginn als ënnerschiddlech a mannerwäerteg wéi déi dominant sozial Grupp an huet d'Konzept vu Mikroaggressiounen weider erkläert.
D'Madame Yougye huet déi ideologesch an historesch Wuerzelen vum Rassismus erkläert, déi weider zu sozialer Ausgrenzung, Verarmung a Konflikt féieren.
An deem Kontext ass et eng gutt Noriicht, datt dëst Joer den nationale Aktiounsplang géint Rassismus ëmgesat gëtt, do wäerten mir eis natierlech am Kader vum Pakt vum Zesummeliewen no eisen Méiglechkeeten drun bedeeligen.
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/02/2026
Repair Café Kanton Réiden
20/02/2026
Kanton Réiden Administration
06/02/2026
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026