Vëlosummer dans le Wëlle Westen : 1er et 2 août, 8 et 9 août
18/06/2026
Hutt Dir schonn eng Safari am Wëlle Westen entdeckt? Dobäi handelt et sech ëm kannerfrëndlech, kuerz Trëppeltier verbonne mat engem Déiere-Quiz. Op all Tour sinn nämlech 4 Plaquette verstoppt mat engem Hiweis op dat gesichten Déier. Et heescht also d’A grouss opmaachen an op der Lauer sinn!
Wann d’Ouschtervakanz ufänkt, wäerten all eis Safarie kontrolléiert gi sinn – da kënnt Dir zesumme mat Äre Kanner eng léierräich a spannend Aktivitéit am Fräien erliewen.
D’Bichelche mat den 20 Safarie kritt Dir gratis an der TouristInfo Wëlle Westen zu Useldeng.
All weider Informatiounen an Norichte fannt Dir och online ënnert: https://kanton-reiden.lu/safari
D’Sport- a Jugendkommissioun vun der Gemeng Groussbus-Wal organiséiert dëst Joer gemeinsam Wanderungen – ënner anerem op all de verschiddene Safari-Trëppeltier an hirer Gemeng.
Déi éischt gemeinsam Safari-Wanderung huet de 16. Mäerz zu Kéiber stattfonnt a war gutt besicht. Bei schéinem Fréijoerswieder hu Grouss a Kleng vill Freed dru gehat, all d’Plaquetten op der Streck ze sichen.
Déi nächst gemeinsam Safari-Wanderungen fanne statt:
Fir méi Info, mellt Iech ënner der Nummer 20358-202 oder per Mail jennifer.bodevin@g-w.lu
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Réidener Schwämm
27/05/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026