
Gemeng Biekerech
Portes Ouvertes Wandrad Biekerech den 3. Mai 2025
29/04/2025
Mat engem grousse Festowend huet d’Gemeng Ell de 14. Mäerz hiren 200. Gebuertsdag gefeiert. Bei dëser Geleeënheet gouf net nëmmen dëse stolzen Alter gefeiert, mee virun allem dat familiäert Zesummeliewen, dat dës Gemeng säit laangem auszeechent.
Nieft der Prominenz haten och vill Deputéiert, Buergermeeschteren aus den Nopeschgemengen, Veräinsvertrieder an Awunner aus der Gemeng de Wee op Ell fonnt. De Centre Camille Ney war bis op déi leschte Plaz gefëllt. Bei senger Begréissung huet den Edy Graf, deen duerch den Owend gefouert huet, de Goethe aus dem Faust zitéiert :
„Was du ererbt von deinen Vätern hast, erwirb es, um es zu besitzen!“
Dat wat mir mat op de Wee kréien, däerf kee passiivt Uneegne sinn, mee mir mussen ons domadder ausernaner setzen, domadder schaffen an et verstoen. Traditiounen a familiär Hannerloosseschaften aktiv gestalten a mat eegenem Liewe fëllen, dat wëll de Goethe ons hei matdeelen. “An dat ass et och genee, wat mer op dësem Owend maachen andeems mer op 200 Joer Gemeng Ell zeréckkucken”, esou den Edy Graf. No senger Begréissung huet hien dann d‘Wuert direkt viruginn un den Innenminister Léon Gloden, dee sech et trotz anere Verpflichtungen nitt wollt huele loosse fir op dësem Gebuertsdag derbäi ze sinn. A senger Ried huet den Innenminister déi ganz gutt Zesummenaarbecht vun der Eller Gemeng mat sengem Ministère gewürdegt.
Extragrouss war d’Freed, dass net nëmmen de Kulturminister Eric Thill an den Inneminister Léon Gloden hire Wee op Ell fonnt haten, mee och de Jean-Claude Juncker, dee seng jonk Joren zu Ell verbruecht huet.
De ganzen Owend gouf musikalesch begleet vun der Musik Gemeng Ell. Ganz besonnesch war, dass d’Kompositioun mam Numm Josefine vum Camille Kerger, och een Eller Jong, uropgefouert gouf.
Firwat feiert d’Gemeng Ell iwwerhaapt hiren 200. Gebuertsdag? D’Äntwert vum Buergermeeschter Heng Rasqué ass kloer: „Well mir hei zu Ell alles feieren – a well sou e Fest eng perfekt Geleeënheet ass, zeréckzekucken, iwwer déi aktuell Zäit ze reflektéieren an no vir ze blécken op dat wat vläit kënnt.“
Wat zeechent d‘Gemeng Ell aus? Fir de Buergermeeschter ass et virun allem d’Veräinsliewen, dat d’Gemeng Ell zanter laangem staark bestëmmt. Et waren d’Veräiner, déi d’Mënschen zesummebruecht hunn - bannent der Gemeng an doriwwer eraus - an déi d’Gemeng Ell iwwer hir Grenzen eraus bekannt gemaach hunn.
Nieft dem soziale Liewe gouf och déi ländlech Prägung vun der Gemeng ënnerstrach: d’Landwirtschaft, d’Handwierk an déi natierlech Landschafte mat hire Wisen, Bëscher a Feldweeër, ideal fir ze wanderen a Vëlo ze fueren an esou zur Rou ze kommen.
A senger Visioun vun der Zukunft huet de Buergermeeschter sech fir eng Gesellschaft ausgeschwat, déi nees méi op sozialen Zesummenhalt, manner Digitaliséierung am Alldag an eng gesond Distanz zum Profitdenke setzt: „Mir brauchen net dauernd méi Pai, mee nees méi Freed un der Aarbecht a méi Mënschlechkeet. Nëmme wa mir dës Wäerter erëmfannen, kréie mir déi strukturell Problemer vun eiser Gesellschaft geléist.“
D’Ried vum Buergermeeschter huet sech och iwwert d’Lokalgrenzen erausbeweegt. Ell gouf als „staarkt Stéck Wëlle Westen“ beschriwwen, dat vu vir u beim Opbau vun de regionalen Zesummeschlëss am Kanton Réiden mat aktiv war. „Mir si just staark, wann de Kanton staark ass“, sou den Heng Rasqué.
Eng besonnesch Nott huet d’Verbindung zur Vallée de l’Attert an domat zu der Grenzregioun mat der Belsch kritt : „Notre collaboration transfrontalière dans la vallée de l‘Attert, c’est l’Europe en petit.“ D’Initiative, d’Jugendclibb vun de 5 Partner-Gemengen zesummenzebréngen, gouf als Symbol fir eng zukünfteg transnational Zesummenaarbecht gelueft.
Net feelen dierf natierlech och de prominentste „Fils“ vun der Gemeng Ell, dee seng Wuerzelen hei huet: de Jean-Claude Juncker. „Je fais l’hypothèse que Monsieur Juncker est devenu ce grand penseur européen, président de la commission européenne grâce à cette source elloise.“, sou den Heng mat engem Augenzwinkeren.
Et si genee 200 Joer hier, datt d’Fusioun tëscht der Gemeng Ell an der Gemeng Koulbich offiziell gouf. Dëse Moment markéiert de Startpunkt vun der Gemeng Ell an hirer haiteger geografescher Form.
De Virtrag huet aus zwee Deeler bestanen, engersäits déi administrativ Geschicht vun der Gemeng, akkurat recherchéiert vum Henri Leyder an een zweeten Deel iwwer déi politesch a sozial Entwécklunge vun der Gemeng am Laf vun der Zäit - vum éischte „Mayeur“, deen Decisiounen nach a senger Stuff geholl huet, bis zur haiteger professionell opgestallter Verwaltung. Dëse Virtag, recherchéiert a ganz animéiert a spannend virgedroe vum Laurent Schaus a Claude Schmit gouf vu villem Archiv- a Bildmaterial vum Romain Gaspar a Robert Roder begleet.
D’Geschicht vun der Gemeng ass awer net nëmme vu politeschen Decisioune gepräägt, mee och vu Krisen an Auswanderung: Hongersnout am Joer 1831, massiv Emigratioun fir d’éischt a Brasilien, duerno an Nordamerika an a Frankräich; d’Opléisung vum Gemengerot wärend der Nazi-Besetzung - all dës Elementer sinn ee klengen Deel vun der Geschicht vun der Gemeng Ell, déi dësen Owend beliicht goufen.
Déi 200 Joer Gemeng Ell goufen net nëmmen als historescht Ereegnis gefeiert, mee och als Manifestatioun vu lieweger Demokratie, vum Zesummeliewen an enger Gemeinschaft an Zesummenaarbecht innerhalb der Regioun, d’Belsch abegraff. Mat engem Bam an enger Bänk vis-à-vis vum Centre Culturel Camille Ney gouf e Symbol vun der Erënnerung gesat – an ass zugläich eng Invitatioun:
„Sëtzt iech dohinner a maacht iech Gedanke wéi dir d’Zukunft vun der Gemeng Ell gesitt“, huet de Buergermeeschter ofschléissend gesot.
Ell – eng kleng Gemeng mat engem staarken Zesummenhalt, enger räicher Geschicht an engem klore Bléck no vir. Happy Birthday, Gemeng Ell. Bleif wéi s De bass – a vergiess net dat ze bleiwen, wat Dech esou besonnesch mécht, waren d’Schlusswierder vum Buergermeeschter.
Zum Ofschloss huet de Jean-Claude Juncker, offensichtlech frou fir un dëser Zeremonie deelzehuelen, eng ganz perséinlech Ried gehalen. Hien huet sech mat vill Emotiounen u seng glécklech Kandheet zu Ell erënnert: wéi hien zesumme mat senger Bomi bei d’Noperen an d’Uucht gaangen ass , wéi hie laanscht d’Atert Champignone gesammelt huet, oder wéi säi Papp mam Vëlo op d’Gare vun Näerden gefuer ass, fir do den Zuch op d’Schmelz ze huelen. Souguer d’Epicerie Pletschette an d’Bäckerei Schaus zu Réiden hu sech déif a säi Gediechtnes agebrannt.
Ell huet nach ëmmer eng ganz speziell Plaz a sengem Häerz, an hie kënnt ëmmer nees gären zréck.
„Ech hunn ni vergiess, vu wou ech hier kommen. An ech deelen d’Meenung vum Henri Rasqué: Meng Eller Wuerzelen an d’Proximitéit zur Grenz hu mir déi Grondlage ginn, fir Europa ze verstoen a fir seng Eenheet matzëgestalten.“
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Commune de Saeul
16/04/2025
Gemeng Rammerich
08/04/2025
Gemeng Préizerdaul
18/03/2025
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025