Atert Lycée Réiden
Info-Owend fir d’Eltere vun de Schüler aus dem Cycle 4 am Atert-Lycée
27/02/2026
Am Zentrum vu Réiden läit de Jugendtreff, e liewegt an dynamescht Ëmfeld, wou déi Jugendlech aus der Regioun sech treffen, austauschen an nei Saachen entdecke kënnen. De Réidener Jugendtreff entwéckelt sech dauernd weider, fir de Jonken aus dem Kanton e Raum fir Kreativitéit a bäizeléieren ze bidden.
2025 ginn eng Rei artistesch a kulturell Projete lancéiert, déi sech mat aktuellen a wichtegen Theme befaassen.
Ee vun de grousse Projeten dréit sech ëm Danz a Geschlecht. An engem reegelméissegen, wéchentlechen Danzatelier kënne jonk Leit sech mat Froen zu Geschlecht, Stereotyppen a Duerstellung befaassen a sech duerch Danz ausdrécken. De Projet fënnt säin Héichpunkt an enger grousser Ofschlossperformance um Enn vum Joer.
E weidere grousse Projet setzt sech mat der mentaler Gesondheet auserneen – mat Hëllef vun der Konscht, der Couture, dem Design an der Fotografie. Déi Jonk kënnen a kreative Workshopsan un engem Bitzatelier deelhuelen, wou si hir eege Kleedungsstécker zu dësem Thema entwerfen. De Projet clôturéiert mat enger Modeschau fir d’Ëffentlechkeet mam Zil fir déi mental Gesondheet bei Jonken ze sensibiliséieren. All entworfent Kleedungsstéck erzielt eng Geschicht zu dësem wichtege Sujet.
Zousätzlech wäerte mir e pedagogesche Projet zur Biodiversitéit an den ëkologeschen Erausfuerderungen ugoen. D’Participanten erstelle souwuel e Video wéi och e Gesellschaftsspill mam Numm "La Terre au Carré", fir aner Jonker op eng spilleresch Aart a Weis fir den Ëmweltschutz ze sensibiliséieren. Hei kënne si hiert Wëssen deelen a léieren, wéi si an hirem Alldag zum Schutz vun der Ëmwelt bäidroe kënnen.
De Museksprojet "Le Chemin" huet 2024 de Jonken d’Méiglechkeet ginn, en eegenen Album a Videoclipsen ze produzéieren. Dëse Projet war e spannend Erliefnis an huet de Participanten e kreative Raum fir hiren Ausdrock iwwer d’Musek erméiglecht. Den Album ass iwwer e QR-Code disponibel. De Museksprojet geet 2025 weider an entwéckelt sech jee no den Iddien an den Interesse vun de Jonken.
De Réidener Jugendtreff ass e Raum fir Ausdrock a Matgestaltung, wou all Jonke sech wuel fillt, sech austausche kann a sech a Projeten engagéiert, déi him um Häerz leien. Mat enger grousser Villfalt u Aktivitéiten hunn d’Jonker d’Méiglechkeet, nei Fäegkeeten ze léieren, kreativ ze ginn an hir Stëmm ze erhiewen.
Dir wëllt matmaachen oder méi erausfannen? Kommt an d’Jugendtreff oder suivéiert eis op de soziale Medie fir all eis Offeren ze entdecken!
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Club Soroptimist Mosaik
19/01/2026
Youth & Work
08/01/2026
Wanter-Gewënnspill
24/11/2025
Soroptimist International Club Mosaik
24/11/2025
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026