Kanton Réiden Vivre Ensemble

Eng Konferenz iwwer Rassismus an Diskriminatioun den 29/03/25 am ALR

Veröffentlicht: 10/02/2025 - 14:54
Aktualisiert: 24/02/2025 - 16:32
2 Minuten
Foto: Ally Book Club

Ass Rassismus iwwerhaapt e Problem bei eis?

Vill wäerten dës Fro sécher spontan mat engem iwwerzeegten "Neen" beäntweren. D’Etude, déi de LISER an de CEFIS 2023 zu Lëtzebuerg mat Ënnerstëtzung vum Familljeministère publizéiert hunn, schwätzt awer eng kloer Sprooch: 

  • 30% vun den Awunner vun eisem Land fäerten Affer vu rassisteschen Tëschefäll ze ginn, wéinst hirer ethnescher Affiliatioun
  • 46% vun den Awunner gleewen datt verschidden ethnesch Gruppen éischter net mat aneren interagéieren
  • 15% soe souguer, datt rassistesch Reaktiounen heiansdo rechtfäerdegt sinn

Wéi erkläre sech dës Resultater, wann dach déi meescht Leit spontan géife soen, datt Rassismus hei kee Problem ass?

Fir ënnert anerem iwwert dës Fro ze diskutéieren, organiséiere mir den 29. Mäerz am Festsall vum ALR zu Réiden am Kader vum Pakt vum interkulturellen Zesummeliewe mat de jeeweilege Comitée vun de Gemenge vum Kanton de Réiden an der Gemeng Mäerzeg eng Konferenz vun zwou Stonnen. All Awunner aus dem Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg ass häerzlech invitéiert sech fir dës Konferenz anzeschreiwen. Donieft organiséiere mir och e Reflexiounsdag zum Thema fir dat professionellt Personal aus de Primärschoulen a Maisons Relaisen, deen als Weiderbildung unerkannt gëtt.
 

Foto: Ally Book Club

Wat erwaarde mir vun dëser Konferenz?

Rassismus an Diskriminatioun hu selbstverständlech keng Plaz bei eis. Dofir huet och de Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen, deen all Gemengen aus dem Kanton Réiden an d‘Gemeng Mäerzeg zesummen ënnerschriwwen hunn, de Wonsch un engem gudden Zesummeliewe vun alle Leit an der Regioun ze schaffen.

Dës Konferenz wäert hëllefen onsichtbare Rassismus siichtbar ze maachen. Se soll eng Plattform bidde fir iwwer Rassismus z'informéieren an sech auszetauschen a fir zesummen ze léiere wéi Rassismus erkannt an iwwerwonne ka ginn. Kommt mat, gitt Deel vun der Diskussioun a setzt e staarkt Zeeche géint Diskriminatioun!

Samschdes, 29.Mäerz 20225
10h00-12h00
Festsall vum Atert Lycée Réiden (ALR)

Kontakt: 

Karsten KÜPPER
Coordinateur Service Vivre Ensemble

Syndicat Intercommunal Kanton Réiden
Service Vivre Ensemble
11, Grand-Rue
L-8510 Redange-sur-Attert
T (+352) 28334-210
karsten.kuepper@kanton-reiden.lu

 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Syndikat

Aktuelle Nachrichten