
Réidener Jugendtreff
Summerprogramm 2025 vum Réidener Jugendtreff
10/07/2025
An der Maison Relais gouf am November de Kannercomité agefouert! Initiator vun dësem Projet ass de Patrick Antony, Chargé de Direction an der Préizerdauler Maison Relais. An dësem Interview verréit hien eis e bëssi méi iwwer dëse Kannercomité.
Eis ass et als Ekipp wichtig, dass d’Kanner aktiv an den Alldag mat abezu ginn. Si solle matbestëmme kënnen, wéi si hier Zäit an eiser Maison Relais verbréngen.
Natierlich suerge mir fir e gewëssene Kader, mee d’Iddien an d’Bedierfnesser vun de Kanner solle mat afléissen. Dacks kënnen d’Kanner hir Wënsch net kloer ausdrécken, oder si sinn net direkt fir eis erkennbar. Dofir ass et essenziell, hinnen eng Stëmm ze ginn.
Am Oktober hu mer de Kanner dëse Projet virgestallt. Déi Kanner, déi sech ugesprach gefillt hunn, konnte sech fir eng éischt grouss Versammlung aschreiwen. Hei hu mir Zil an Zweck vum Comité erkläert.
Déi Kanner, déi sech dann nach ëmmer wollten engagéieren, hunn e Walplakat erstallt, fir sech deenen anere Kanner virzestellen. Vum 6. bis 12. November konnten all d’Kanner wiele goen – mat Walkabinnen a Walurn, wéi bei richtege Walen.
19 Kanner hate sech opgesat fir déi 12 Sëtz. De Comité steet elo fest an et trëfft een sech lo ufanks all 2 Woche fir zesumme mol de Kader ze definéieren. Duerno gëtt jee no Besoin e Comité aberuff, zB wann et nei Projeten oder eng Demande vun de Kanner ginn.
Am Comité ass de Cycle 2-4 vertrueden, mee natierlich probéiere mer och de Cycle 1 iwwert vereinfacht Ëmfroen oder méi spillerisch Aktivitéite mat anzebannen.
Obwuel mir réischt am November ugefaangen hunn, goufe schonn éischt Entscheedungen ëmgesat. Sou gouf z. B. decidéiert, nieft Waasser och kalen Téi am Restaurant unzebidden. Dësweidere gouf sech och op eng Associatioun gëeenegt, déi een Deel vum Erléis vun eisem Wantermaart iwwerreecht wäert kréien.
Déi ganz Ekipp vun der Maison Relais steet voll a ganz hannert dem Kanner-Comité. Dëse Projet gouf zesummen ausgeschafft a jiddereen dréit säin Deel zum Erfolleg bäi..
Partizipatioun a Matbestëmmung vun de Kanner si fest am Bildungsrahmenplang verankert an domat och e wichtegen Deel vun eisem Konzept.
Kontakt: Maison Relais Préizerdaul
Adress : 4, rue de la Mairie L-8606 Bettborn
Réidener Jugendtreff
10/07/2025
Atert Lycée Réiden
09/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
08/07/2025
Atert Lycée Réiden
01/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
27/05/2025
Kanton Réiden Sports
21/05/2025
Kanton Réiden
10/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
09/07/2025
Réidener Schwämm
30/07/2025
Kultur-Agenda
15/07/2025
Kanton Réiden Vivre Ensemble
14/07/2025
Gemeng Réiden
11/07/2025