Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Och dëst Joer hunn d’Frënn vun der Lee, de Musée de l’Ardoise an d’Gemeng Rammerech zesummen hiren traditionelle Chrëschtmaart den 29ten an 30ten November organiséiert.
Ronn 70 Verkafsstänn, Virféierungen an der Schmëtt, saisonaalt Iessen a Gedrénks, Musik, Clown a Magier hunn déi fréier Leekoll an ee gemittlecht Wanterduerf verzaubert. Wärend dem Chrëschtmaart konnt een och vum Musée senge verlängerten Ëffnungszäite profitéieren an den ënnerierdesche Parcours bis 21:00 Auer entdecken.
Mir soe jiddwer engem Merci, deen um Chrëschtmaart bedeelegt war a ginn Iech scho fir d’nächst Joer Rendez-vous; de leschte Weekend am November am Schiefermusée Uewermaartel.
Den 6. a 7. Dezember war et nees esou wäit, „Chrëschtdag op der Buerg”, organiséiert vun de Kultur – a Buergfrënn an Zesummenaarbecht mat den Duerfveräiner, huet wéi gewinnt am Buerghaff zu Useldeng stattfonnt.
Fir musikalesch Stëmmung huet Freides “Red Sax” a “Südwind”, a samschdes “Bo and the Sox” an “Gans Anders” gesuergt.
De Jugendensembel vun der Useldenger Harmonie huet wéi all Joer nees fir eng voll Krypta gesuergt.
Trotz deels manner guddem Wieder hate vill Leit de Wee op Useldeng fonnt. Niewent Flammlachs, Goulaschzopp, Kéisspätzle, Flammkuchen, Verkafsstänn a villem méi, goufe bei gudder Stëmmung an an engem flotte Kader zwee flott Deeg verbruecht.
All dat huet dozou bäigedroen dat de Chrëschtmaart nees ee volle Succès war.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026