Kanton Réiden Tourisme
Op Schatzsich mam Ouschterhues am Wëlle Westen
20/02/2026
Besicht déi impressionant Johanna Grouf, déi bis 42m déif ass.
Dir kënnt d'Besucherbergwerk autonom besichen: Mëttwoch 13h00-18h00 & Samschdes/Sonndes 10h00-18h00. De Musée ass zou tëscht dem 25.12 an dem 01.01.
Am Bopebistro kënnt Dir eng kleng Paus aleeën.
Vergiesst net Iech waarm genuch unzedinn, ënne gëtt et nämlech richteg kal.
Am September ass den neien Energiemusée zu Biekerech an der Millen opgaang.
Dir kënnt dësen all Dag autonom besichen, Dir kritt de Code sur place per Mail geschéckt.
D'Brasserie niewendrun ass all Dag op.
Den 1,5km laange Meditatiounspad zu Randschelt ass perfekt fir Jonk a manner Jonker.
Op dësem ofwiesslungsräichem Tierche ginn et flott Statiounen a genuch Plaze wou Är Kanner kënne spillen an déi eeler meditéiere kënnen.
De Meditatiounspad ass och eng vun den 20 Safarien am Wëlle Westen, et sinn deemno 4 Plaquetten ënnerwee verstoppt.
D'Gemeng Sëll huet een historeschen Themewee mat interaktive Statiounen an Info-Pannoen ausgeschafft.
Fir d'Kanner gëtt et zousätzlech ee ganz flott Heft, dat Dir an der Kierch kënnt siche goen.
De Startpunkt ass bei der Sëller Kierch an de Wee verleeft duerch d'Uertschaft Sëll.
Op der Useldenger Buerg gëtt et och e super Ronntour mat ville Statiounen, déi op eng spannend Manéier iwwer d'Liewen am Mëttelalter informéieren.
D'Buerg ass all Dag vun 8-19 op, d'Entrée ass fräi.
Depuis l’année dernière, un court sentier romain est accessible à Vichten, avec plusieurs stations interactives.
Découvrez la vie gallo-romaine dans la région : leurs repas, leurs jeux, leur organisation sociale… ainsi que des informations sur la célèbre mosaïque, dont une copie se trouve près de la mairie.
Kanton Réiden Tourisme
20/02/2026
Réidener Schwämm
19/02/2026
Op der Schock
26/01/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/12/2025
Fotographie
27/11/2025
Schifermusée
13/10/2025
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026