Réidener Jugendtreff
Wann Europa sech zu Houltz begéint: eng Woch, déi 40 Jonker verännert huet
17/08/2026
Am Kader vum Weltkannerdag, huet de Service Enfance Abutzen vum Kanton Réiden wärend dem Mount November déi flott Aktioun "Mandalaen aus Naturmaterialien" organiséiert.
D'Eltere waren invitéiert fir zesumme mat hire Kanner am Hounig-Bësch bei Réiden e Mandala - also e klengt Konschtwierker - mat natierleche Materialien aus dem Bësch ze schafen. Awer och d'Personal vun der Crèche ass mat de Butzen an den Hounig gaange fir Mandalaen ze bauen.
Déi vill faarweg Konschtwierker laanscht de Wee hu bewisen, dass dës Aktioun e groussen Erfolleg war. D'Resonanz vun den Eltere war och ganz positiv. Op dës Manéier waren d'Kannerrechter ëmmer rëm Thema an et ass dacks zu flotten Echange mat den Eltere komm.
Déi wichtegst Kannerrechter fir d'Eltere waren: Léift, Famill, een Doheem, Recht op Bildung an Zäit.
All déi wonnerbar Mandalaen, déi mat souvill Léift a Kreativitéit gestallt goufen, hunn d’Schéinheet vun der Natur an hirer ganzer Villfalt gewisen. D'Butzen haten immens vill Freed drun, Materialien ze sichen, sech an der Natur ze beweegen an déi wou d’Eltere mat waren, natierlech eppes mat der Mamma oder dem Pappa zesummen ze maachen.
Villmools Merci un all déi, déi bei dëser spezieller Aktioun matgemaach hunn – d'Ekipp vun Abutzen freet sech schonn op weider flott Aktivitéiten!
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026