Réidener Schwämm

D’Réidener Schwämm gëtt vergréissert

Veröffentlicht: 27/11/2024 - 15:14
Aktualisiert: 02/12/2024 - 15:28
3 Minuten
Bild des Architekten, das das neue Schwimmbad in Redange von außen zeigt
Foto: Decker, Lammar & Associés - Architecture et Urbanisme SA

Interview mam Patrick Wampach, Präsident vum Syndikat Réidener Schwämm, iwwert den ustoende Projet vun der Réidener Schwämm

Kanns Du eis verrode wat bäikënnt?

Mat der Vergréisserung vun der Schwämm kréie mir: ee neie grousse Basseng (25m x 15m) mat enger Déift vu bis zu 4 Meter, ideal och fir Tauchcoursen; ee Léier-Basseng (15m x 7,5m) mat Hub-Boden fir Aktivitéite wéi Bëbeecoursen; eng Kloterwand iwwert dem Basseng; ee Sprangtuerm mat engem 5-Meter- an engem 3-Meter-Sprangbriet. De grousse Basseng wäert e Kompetitiounsbasseng sinn, wat eis erlaabt, méi grouss Evenementer ze organiséieren. Ausserdeem ass en Ninja-Parcours geplangt, dee sech iwwert, op an ënnert dem Waasser erstreckt. Weiderhin ass eng Cafeteria virgesinn, déi fir Eventer mat bis zu 100 Leit Plaz bitt, an e grousse multifunktionelle Sportssall.

Firwat ass dës Vergréisserung néideg?

D’Réidener Schwämm ass scho laang ze kleng. Wéi se gebaut gouf, hat de Kanton ronn 11.000 Awunner; haut si mir bei 21.000, a bis 2035 erwaarde mir ongeféier 25.000 Awunner. Mat där Erhéijung kommen och ëmmer méi Schoulklassen, déi Schwammunterrecht brauchen. Wann d’Schwämm net vergréissert gëtt, kënne mir d’Nofro net méi decken, weder vun de Schoulen nach vun de Crèchen, Maison relaisen oder Veräiner. Zousätzlech stounge mir virun der Entscheedung, entweder an déi al Infrastrukturen ze investéieren oder d'Schwämm a punkto Energieeffizienz an Technologie ze moderniséieren.

Wat fir Upassunge si punkto Energie & Technik virgesinn?

D’Technik an der aktueller Schwämm staamt gréisstendeels nach aus den 90er Joren. Eis nei Schwämm gëtt mat der modernster Technik ausgerüst, déi de sportlechen an energeetesche Standarde vun haut entsprécht. Energetesch versiche mir alles, fir esou effizient wéi méiglech ze sinn, natierlech ouni d’ekonomescht Gläichgewiicht ze vernoléissegen. Mir plangen eng speziell Isolatiounsfassad, eng Fotovoltaikanlag um Daach, an d’Recuperation vun der Hëtzt aus dem Ofwaasser an der Loft. De Wärmebedarf wäert weiderhin duerch d’Biogasanlag vu Réide gedeckt ginn. D’ganzt Gebai wäert esou vill wéi méiglech no de Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft gebaut ginn.

Image de l'architecte montrant l'intérieur de la nouvelle piscine de Redange
Innenusiicht vun der neier Schwämm
Foto: Decker, Lammar & Associés - Architecture et Urbanisme SA

Besteet keng Gefor fir d’Réidener Gemeng vun engem Drénkwaasser-Engpass wärend de waarme Méint?

Eis Schwämm wäert sécher ee grousse Waasserverbrauch hunn, awer mir maachen alles technesch Méiglecht, fir de Ressourcëverbrauch esou niddreg wéi méiglech ze halen. De Verbrauch gëtt optiméiert, an duerch déi modern Technik gëtt den Drénkwaasserverbrauch op e Minimum reduzéiert. Eng Gefor vun engem Engpass gëtt et duerch d'Schwämm net.

Wéi vill kascht de Projet a wie bezilt et?

De Gesamtprojet kascht 24,8 Milliounen Euro (HTVA). Mir erwaarden ongeféier 9,6 Milliounen Euro Subsiden. Dës Montante sinn nach net definitiv a musse vun de verschiddenen Acteure validéiert ginn. De Rescht vun de Käschte gëtt vun de Membersgemenge gedroen.

Huet de Chantier een Impakt op déi aktuell Schwämm?

De Chantier wäert natierlech en Impakt hunn, mee d’Familljeschwämm bleift wärend dem gréissten Deel vum Bau op. Et ass just geplangt, den alen Deel fir eng kuerz Zäit vun 1-3 Méint zouzemaachen, wa mir d’Iwwergäng tëschent den alen an neien Infrastrukture maachen.

Wéi laang dauert de Chantier? Wéini ginn déi nei Bassengen op?

Wann et no eisem politesche Bureau a Comité geet, wëlte mir direkt ufänken. Administrativ sinn awer nach net all Hürde geholl. Mir sinn awer optimistesch, datt d’Ausschreiwunge kënnen Ufank nächst Joer gemaach ginn. De Bau selwer wäert ronn zwee Joer daueren.

Villmools Merci Patrick fir dëse ganz informativen Interview. Mir wënschen Dir an dem Planungsteam vum Projet vill Erfolleg bei der Ëmsetzung!

Image de l'architecte montrant l'intérieur de la nouvelle piscine de Redange
Innenusiicht vun der neier Schwämm
Foto: Decker, Lammar & Associés - Architecture et Urbanisme SA
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten