LEADER Wëlle Westen
Recrutement d'un(e) chargé(e) de projet (m/f/d) pour le projet « D’Kierch am Duerf »
16/09/2026
Nodeems mir iwwer di leschte Joren ëmmer méi gewuess sinn an eng Rei Asbl’en (Energieatelier, Sportkrees, A Butzen) an d’Struktur vum Syndikat opgeholl goufen, war de Moment do fir eis Kommunikatioun no baussen z’iwwerschaffen.
Mat Hëllef vun enger externer Agence gouf eng detailléiert Analyse gemaacht a Recommandatiounen ausgeschafft.
Eng vun de wichtegste Recommandatiounen ass d‘„One Brand Strategy”. Wat heescht dat ?
Bis elo huet all Service säin eegene Logo gehat. Kee vun de Logoen huet awer eng Relatioun mam Syndikat opgewisen. Ganz vill vun eise Bierger wossten dowéinst zu Recht net, dass di verschidde Service zum Syndikat géinge gehéieren.
Mat der neier Kommunikatiounsstrategie wäert de Logo vum Syndikat elo vun all Service mat gedroe ginn. Do dernieft hu mir och den Entschloss getraff fir den Numm vun de Servicer unzepassen, fir dass jiddereen direkt weess, wat sech hannert dem Service verstoppt.
Eng aner Recommandatioun betrëfft di vill verschidde Facebook- an Internetsäiten, déi eis Servicer eenzel bedriwwen huet. Hei wäerte mir och eng Vereinfachung erabréngen an alles op d’Facebook- an d’Internet-Säit vum Kanton eriwwerhuelen. Di eenzel Säite vun de Servicer wäerten dee Moment zoumaacht ginn. Esou kommunizéieren di allermeescht Servicer vum Syndikat duerch een an dat selwecht Sproochrouer.
Dowéinst gëtt d’Internetsäit vum Syndikat de Moment komplett nei gestalt a wäert an den nächste Méint prett sinn.
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Lieserëmfro
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026