Wandpark Kanton Réiden
Visitt vum Chantier vum Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Zanter iwwer 40 Joer engagéiert sech d’Lokalsektioun Kanton Réiden fir den Naturschutz an der Regioun. Wat 1985 als Sektioun vun der deemoleger Natur- a Vulleschutzliga gegrënnt gouf, ass haut Deel vun der Organisatioun Natur & Ëmwelt – der gréisster Ëmwelt- an Naturschutzorganisatioun vu Lëtzebuerg. Eng engagéiert Ekipp vu Benevollen aus eisem Kanton setzt sech mat vill Passioun fir d’Erhale vun eiser Natur an.
Am Mëttelpunkt steet d’Beobachtung vun der Vullemigratioun op der „Sëller Héicht“. Vun August bis Mëtt November verfollegt eng spezialiséiert Ornithologegrupp de Vullenzuch – mat Resultater, déi och international unerkannt a genotzt ginn.
Genau sou wichteg ass eis praktesch Aarbecht um Terrain: Zanter 1985 hu mir ronn 45.000 Heckeplanzen an 2.500 Beem verdeelt. Donieft engagéiere mir eis fir méi Nohaltegkeet am Alldag, zum Beispill duerch d’Promotioun vu Recyclingpabeier an de Schoulen a Verwaltungen.
Nieft eise järleche Bam- an Heckeplanzaktioune gehéieren och d’Nistkëschtenaktiounen an d’Ophänke vu speziellen Nistäscht fir d’Waassermärel laanscht eise Baachen zu eisen Aktivitéiten.
Zousätzlech bedeelege mir eis um neie Brutvullenatlas fir Lëtzebuerg an informéieren d’Bevëlkerung reegelméisseg iwwer eist Uleies an de Gemengebueten.
Och bei eis ass de Réckgang vun der Biodiversitéit däitlech ze spieren, vill Aarte fannen ëmmer manner Liewensraim. Suerge mécht eis och d’Stierwe vun de Fichtebëscher, dacks ouni genuch nohalteg Wiederaufforstung.
Dobäi kënnt eng weider, oft ënnerschate Problematik: d’Liichtverschmotzung. Ze vill kënschtlech Beliichtung féiert zu engem staarke Réckgang vun den Insekten – an doduerch fannen d’Villen manner Narung an si huelen of.
Grouss Chancë leien an der Renaturéierung. D’Stëftung „Hëllef fir d’Natur“ besëtzt am Kanton iwwer 100 Hektar schützenswäert Flächen, déi geziilt opgewäert ginn. Sou entstinn nei Liewensraim, an d’Biodiversitéit kritt eng reell Chance, sech ze erhuelen.
Och eis Lokalsektioun dréit dozou bäi – duerch Berodung an Ënnerstëtzung beim Kaf vu Flächen.
Jidderee kann e wichtege Bäitrag leeschten:
Mat enger Memberschaft kann all eenzelen dozou bäidroen, eis Stëmm ze stäerken – net nëmmen am Kanton, mee och landeswäit.
Gläichzäiteg ass et wichteg, datt e Veräin sech ëmmer nees erneiert. Dofir si mir op der Sich no motivéierte jonke Leit, déi Loscht hunn, nei Iddien anzebréngen an dës och konkret ëmzesetzen. Mellt Iech gäre bei eis!
Natur&Ëmwelt Sektioun Kanton Réiden
Romain Kleer
Tel: 621 75 85 81
Mail: rkleer@pt.lu
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Maison de l'Eau
21/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Maison de l'Eau
23/02/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Repair Café Kanton Réiden
22/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Commune d'Ell
22/05/2026
Gemeng Réiden
21/05/2026