Wandpark Kanton Réiden

Visitt vum Chantier vum Wandpark Kanton Réiden

Veröffentlicht: 22/05/2026 - 15:24
Aktualisiert: 22/05/2026 - 16:12
3 Minuten
Foto: Soler

Den 18. Mee hu sech eng Rei Vertrieder aus eise Schäfferéit um Chantier vum Lannener Wandrad Rendez-Vous gi fir méi iwwer de Wandpark Kanton Réiden gewuer ze ginn. D’Projetsmanager vun der SOLER (Société Luxembourgeoise des Energies Renouvelables) hunn de Chantier am Detail erkläert an all d’Froe vun eise Politiker beäntwert. De Sydnikat ass mat senge Membersgemengen zu 40% Aktionär an dësem Projet. 

De Wandpark setzt sech aus 5 Anlagen zesummen, véier vum Typ Enercon E-138 an eng vum Typ Enercon E115. Eng Wandanlag E-138 huet ee Rotorduerchmiesser vun 138m an d’Gondel befënnt sech op 160m. D’Anlag E-115 vu Foulscht ass liicht méi kleng, well se e Rotorduerchmiesser vun 115m huet an eng Gondelhéicht vun 149m. D’Leeschtung vun den 2 Typen ass déi selwecht, mee déi méi grouss dréit éischter a méi heefeg well se méi grouss Flilleken huet. Doduerch produzéiert se och méi. Wéinst Contrainte vun den Terraine konnt awer zu Foulscht net déi grouss Anlag zum Asaz kommen. 

Foto: Soler

Den ënneschten Deel vun Tuerm gëtt aus Betongssegmenter, den ieweschten Deel aus Stolenelementer zesummegesat. D‘Fundament vun der grousser Anlag mat engem Duerchmiesser vun 22,5m an enger Héicht vun 2,6m, besteet aus 628m3 Bëtong an 85 Tonne Stol. 
Alles ausser de Flilleke ka recycléiert ginn, d’Flilleke ginn de Moment verbannt. D’Anlage lafe fir eng Dauer vu 25 Joer. Wann no 15 Joer de garantéierten Aspeisetariff ausleeft, gëtt de Stroum zum Marchéspräis verkaf. 

Déi 5 Anlage produzéieren esou vill Stroum wéi 10.500 Haushalter vu 4 Persoune verbrauchen (4.500 kWh/a). Insgesamt wäert de Wandpark also +/- 48 GWh pro Joer produzéieren. Doduerch produzéiert de Kanton esou vill Stroum wéi en aktuell op sengem Territoire verbraucht. Wéinst de Wärmepompelen, der E-Mobilitéit an dem Wuesstem geet de Stroumverbrauch awer nach weider erop, wärend déi fossil Energien ofhuelen. 

D’Geneemegung fir de Bau ass ënnert der Bedingung ausgestallt ginn, dass Kompensatiounsmoossnamen ëmgesat ginn. Dës sollen d’Déieren a virun allem d’Vigel vun den Anlagen ewechhalen. An dësem Projet ginn deemno 1,8ha Bléisträife fir d’Feldlerche, 14,11 Staffelmahd fir de Milan, 360m Hecken an 12 Nistkästen fir de Mauersegler ugeluecht. 

Foto: Soler

Wéinst de Fliedermais ginn d’Anlagen ënnert bestëmmte Wiederkonditiounen an zu spezifeschen Zäiten ausgeschalt: tëscht dem 1. Abrëll an dem 31.Oktober, 1h virum Sonnenënnergang a Sonnenopgang bei Wandvitesseë vu manner wéi 7 m/s an enger Temperatur iwwer 10°. Doduerch fält d’Stroumproduktioun ëm 10% manner héich aus. 

De Plang ass dass déi 5 Anlagen nach virum Congé collectif un d’Netz ginn. Wann d’Anlage problemlos lafe ginn d’Sitte vum Chantier zréckgebaut. 

Am Hierscht fënnt d’Aweiung statt an d’Gemengen organiséiere mat der SOLER och eng Porte ouverte fir d’Awunner.  

Foto: Soler
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten