Gemeng Groussbus-Wal
Kult-Duerf Randschelt 2026
28/04/2026
15 Joer stoung d’Kolpecher Schlass eidel, ofgesi vun e puer Dréiaarbechte fir Filmzeenen. Mee zënter leschtem Joer gëtt intensiv um Schlass geschafft, nodeems d’Roud Kräiz zesumme mam Educatiounsministère decidéiert huet, de grousse Projet vun engem sozio-professionellem Integratiounszenter unzegoen. Wat genau do derhannert stécht, gitt Dir am Interview mat de Projetverantwortleche vum Roude Kräiz gewuer.
D’Kolpecher Schlass gëtt zu engem sozio-professionellen Integratiounszenter (CISP) ëmgebaut. Heibäi handelt et sech ëm eng wichteg Moossnam vum Educatiounsministère, déi sech u Jugendlecher riicht, déi a Gefor stinn, d’Schoul ofzebriechen, oder déi de Schoulsystem scho verlooss hunn. Den CISP bitt eng alternativ Form vun Educatioun, déi besser un d’Besoinen, d’Fäegkeeten an d’Interesse vu Jugendlechen ugepasst ass, déi am klassesche Schoulsystem op Schwieregkeete stoussen.
Zu Kolpech wäert den CISP aus dem renovéierte Schlass, engem neien Ateliersgebai souwéi engem Internat bestoen.
Et ass eis e wichtegt Uleies, dësem historesch bedeitende Site neit Liewen anzehauchen. D’Aline Mayrisch hat de klore Wonsch, eng Plaz fir déi jonk Generatioun ze schafen, an huet aus dësem Grond d’Schlass dem Roude Kräiz vermaach. Den neien CISP füügt sech gläichermoossen an d’Revitaliséierung vum historesche Site an a respektéiert de leschte Wëlle vun der Aline Mayrisch, andeems de Jonken e Kader gebuede gëtt, an deem si sech kënnen entwéckelen an hir Potenzialer entfalen.
De formelle Cours fënnt am Schlass statt, dat bis zu 60 Jugendlecher ophuele kann. Do si Klassesäll, kreativ Raim, eng Kantin souwéi eng Brasserie virgesinn, déi och fir de Grand Public op ass. Den CISP ass am Fong en Dageszenter. Fir awer och déi Jugendlecher ze ënnerstëtzen, déi wäit ewech wunnen oder sech a komplexe Liewenssituatioune befannen, gëtt en neit Schoulinternat um Site gebaut, dat aus 3 Haiser besteet a Plaz fir insgesamt 36 Jonker bitt.
Den CISP riicht sech u jonk Leit tëscht 12 a 24 Joer, déi mat schouleschen a psychosoziale Schwieregkeete konfrontéiert sinn a fir déi de klassesche Kader vun engem Lycée sech als onpassend erwisen huet. D’Zil ass et, hir sozio-emotional Kompetenzen ze stäerken, si nees an de Schoulsystem eranzeféieren an hinnen e Weiderféieren oder eng Nei-Ausriichtung vun hirem schouleschen oder beruffleche Parcours ze erméiglechen.
D’Zesummenaarbecht mam MENJE souwéi mat de Partnerlycéeë gëtt unhand vu reegelméissege Reuniounen a strukturéierten Austauschplattformen organiséiert. Dës Begéinunge suerge fir eng kontinuéierlech Begleedung, eng gutt Ofstëmmung vun den Aktiounen an eng fléissend Kommunikatioun tëscht allen Acteuren.
D’Restauratioun vum Kolpecher Schlass baséiert op enger respektvoller Approche, déi d’Geschicht vum Gebai berücksichtegt, déi bestoend Ressource valoriséiert an d’Wichtegkeet vum Patrimoine ënnersträicht. Mir gleewen un den intrinsesche Wäert vun all Element an eiser Ëmwelt – sief et architektonesch, kulturell oder mënschlech.
Den CISP huet net d’Zil, op e bestëmmte Beruff virzebereeden, mee de Jugendlechen d’Méiglechkeet ze ginn, verschidde berufflech Beräicher kennenzeléieren an hir eege Fäegkeeten ze entdecken. Si kënnen Ablécker kréien ënner anerem an d’Schräinerei, d’Mechanik, d’Kichen, d’Pâtisserie, d’Bitzen, d‘Vente, de Service, d’Botzen, d‘Gaardenaarbecht an de Landschaftsbau.
Dës Offer bleift flexibel fir sech un d’Realitéit vum Aarbechtsmarché unzepassen.
Déi pedagogesch Approche setzt de Schwéierpunkt op déi emotional a sozial Entwécklung vun de Jugendlechen a baséiert op dem Prinzip vum learning by doing. Eng multidisziplinär Ekipp garantéiert eng Begleedung, déi pädagogesch, sozial, psychologesch a praktesch Aspekter integréiert, mam Zil, d’Autonomie, d’Selbstvertraue souwéi déi transversal Kompetenzen ze stäerken.
De viraussiichtlechen Ofschlossdatum vun den Aarbechten um Schlass ass am Laf vum éischte Semester 2027 virgesinn.
Merci fir dëst opschlossräicht Gespréich an déi interessant Ablécker an Äre grousse Projet.
Croix-Rouge Luxembourgeoise
Service communication
Gemeng Groussbus-Wal
28/04/2026
Musikschoul
28/04/2026
Musée de l'Ardoise
27/04/2026
Kultur-Agenda
30/03/2026
Kultur- a Buergfrënn
24/03/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Gemeng Groussbus-Wal
28/04/2026
Musikschoul
28/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026
Musée de l'Ardoise
27/04/2026
Vallée de l'Attert
22/04/2026