Erënnerungen aus dem Liewen

4 Réidener Frëndinnen erënnere sech

Veröffentlicht: 23/03/2026 - 17:24
Aktualisiert: 27/03/2026 - 17:56
7 Minuten

D’Jeanny Bintener-Leytem (Joergang 1939), d’Renée Peschon-Demuth (Joergang 1940), d’Résie Wiltzius-Reisen (Joergang 1939) an d’Milly Weyland-Huberty (Joergang 1939) si Frëndinnen zënter der Spillschoul zu Réiden. Haut wunnen déi 4 Dammen am HPPA zu Réiden an hu sech un hir Kandheet a Jugend am Duerf erënnert.

Dir hutt Iech virun 83 Joer an der Spillschoul kennegeléiert. Wéi war d’Schoul deemools? 

Résie: Vum 1. bis 3. Schouljoer, hate mir d’Schwëster Marie des Neiges als Joffer. D’„Schnéimärry“, wéi mir se heemlech genannt hunn, war ganz streng: ier mir eis sëtzen duerften, hu mir als éischt misse bieden an déi franséisch Verben opsoen. Wann ech mech richteg erënneren, ware mir déi éischt Schouljore mat de Jongen zesummen an der Klass. 

Renée: Jo, dat stëmmt. Vun der Spillschoul bis 3. Schouljoer ware Meedercher a Jonge gemëscht. Duerno si mir getrennt ginn an duerften net emol an der Paus mat de Jonge schwätzen.

Milly: Dat war jo och net méiglech, well eis Schoulhäff strikt getrennt waren. Mee: „Not macht erfinderisch!“ Mir hunn eis Norichte fir d’Jongen op Ziedelcher geschriwwen, se ëm ee Stee gewéckelt an iwwer d’Aula an de Jongeschoulhaff gehäit! 

Jeanny: Oh jo - mir waren net ëmmer Engelcher! 

Milly: Awer meeschtens! Mir si jo all Moie virun der Schoul an d’Mass gaangen.

Wat hutt Dir gemaach, wann Dir keng Schoul hat?

Jeanny: Wa mir nomëttes fräi waren, huet d’Mamm mech a meng Frëndin mat eisen dräi Kéi op d’Weed geschéckt, déi laanscht de Schinne vum Jhangeli loung. Hannert dem Hiwwel hu mir dann eis Hausaufgabe gemaach. Vu lauter Muttwëll hu mir och Schlaken op d'Schinne geluecht – an der Hoffnung, de Jhangeli géif stoe bleiwen. Mee dat huet deen ni gestéiert. 

Résie: Ech sinn am léifsten an d’Atert tëscht Réiden an Ell schwamme gaang. Et gouf do e Wier, wou d’Atert bis bei d‘Schummeschmillen opgestaut gouf, fir Stroum ze produzéieren. Mir hate jo keng Schwämm – schwamme geléiert hu mir an der Atert. 

Renée: Milly, mir zwee hunn am léifste mat de Poppe gespillt, erënners de dech nach?

Milly: A wéi! Mir hu fir d’Poppe gekacht a Stonne mat e Mamm a Papp gespillt. Ech hunn awer och gär gelies.  

Jeanny: Meng éischt Popp war aus Stoff, gefëllt mat Stréi. Nom Krich sinn dacks Leit aus dem Minett bei eis „hamstere“ komm. Mir hunn hinne Botter, Eeër an Zoossiss ginn, a well déi Leit keng Suen haten, krut ech eng Kéier am Plaz eng wonnerschéi Popp aus Keramik, déi d’Ae konnt op- an zoumaachen. 

Milly: Ech erënnere mech och gären drun, wéi mir kleng Gromperen, déi um Feld leie bloufen, an der Glous gebak hunn a se direkt um Feld gejickt hunn. Mir hu vill op der Nojemer Strooss gespillt – souguer Fiederball! A wa mol ganz seelen en Auto laanschtkoum, hu mir kuerz Plaz gemaach. 
Résie: Dat Schéinst awer war d’Schlittfueren - natierlech och op der Strooss. Am beschte goung et d’Réidener Groussgaass erof.
Jeanny: Wat hu mir eis stonnelaang mat Schlittfueren amuséiert. Wéi ech eng Kéier wollt Schlitt fuere goen, huet meng kleng Schwëster richteg gedirängelt fir matgeholl ze ginn, obwuel d’Mamm net wollt. Ech hunn et du widderwëlleg hannen op de Schlitt getässelt. Beemol ass mir ënnerwee opgefall, dass kee méi um Schlitt souz - ech hat meng kleng Schwëster am Schnéi verluer! 

Erënnert Dir Iech nach un de Krich?

Jeanny: Virun allem d’Evakuatioun wärend der Ardennenoffensiv ass bei eis all hänke bliwwen. Kee wosst, wéi wäit d’Preise géingen erof an d’Land kommen. Meng Famill ass dofir ze Fouss, mat de Päerd, op Klengbetten geflücht, wou mir ënnerkomm sinn. Eis Béischten hu mir awer missen zu Réiden zréckloossen. Ee vun der Famill ass da reegelméisseg no hinne kucke komm. 

Milly: Och wann et hei zu Réiden keng Kämpf gouf, huet een awer vu ganz wäitem d’Explosiounen héieren. Meng Famill huet sech och ze Fouss mam Handweenchen, an deem dat Allernéidegst dra war, op Péiteng gemaach. Wann ech ënnerwee midd gouf, hunn ech dierften um Weenche setzen. Zu Péiteng hu mir d’Wochen ofgewaart bis d’Kämpf am Éislek eriwwer waren.

Résie: Mir hunn déi Wochen um Lampertsbierg iwwerbréckt a kruten näischt vun de Kämpf mat.

Renée: Ech erënnere mech zu Räichel an engem verwëllefte Keller ze sëtzen, an awer och un eis Evakuatioun op Féngig.

Jeanny: Wéi mir no der Evakuatioun heem komm sinn, waren eis Haascht an eis Spënnchen däitlech méi eidel! Besonnesch déi ageluechten Eeër schéngen den Zaldote gutt geschmaacht ze hunn. Mee dat war guer net schlëmm: Haaptsaach de Krich war gutt eriwwer! 

Milly: Op eis huet och eng Iwwerraschung doheem gewaart: mir si gewuer ginn, dass d’Amerikaner hir Haaptkiche bei eis am Haus ageriicht haten. Ofgesi vu villen eidele Béchsen an der verschwonnener Ham, war awer soss alles an der Rei. 

Jeanny: D’Amerikaner hunn eis och Kaddoe gemaach. Wéi si am Duerf stationéiert waren, si mir dacks bei d’Zaldoten an de Bësch getrëppelt, fir Schockela ze kréien. Dat war een extra gudde Schockela - ech schmaachen en elo nach am Mond! Meng Mamm war awer guer net frou, wa se spatz krut, wou mir waren!   

Kuerz nom Krich, sinn d’Diere vum éischte Kino zu Réiden opgaangen…

Résie: Richteg, 1947 huet mäi Papp den éischte Kino zu Réiden opgemaach. Dat war eppes ganz Besonnesches, well deemools nach keen eng Televisioun doheem hat. Mam Kino hu mir gesinn, wéi d’Welt bausse vu Réiden ausgesinn huet! Filmer goufe samschdes, sonndes an d’Feierdeeg gewisen. Et gouf zwou Zorten, „Jugendverbot“ a „Jugendfrei“. Heiansdo si souguer d’Gendaarme mat der Täscheluucht kontrolléiere komm, ob dës Reegel och wierklech agehale gouf. Den éischte Film, dee gewise gouf, war „Monsieur Vincent“, d’Leit stounge Schlaang.  

Renée: Erënnert Dir Iech nach un Die Sünderin mam Hildegard Knef? A virun allem och un d’Priedegt vun eisem Här Deche géint dëse „verruchene“ Film! 

Résie: Derbäi war e guer net schlëmm! Fir mech war Grün ist die Heide ee vun de schéinste Filmer. Die zehn Gebote huet awer dee gréisste Publikum ugezunn.

A wéi huet een typesche Sonnden an Ärer Kandheet ausgesinn?

Milly: Sonndes gouf et zwou Massen: d’Fréimass an d’Houmass. Mir hunn awer nëmme briichten an eng vun den zwou ze goen. Nomëttes stoung dann och nach d’Vesper um Programm.

Jeanny: Ob mir dann och wierklech ëmmer gaange sinn, ass eng aner Saach! Mee et war eng schéin Zäit, och wann alles anescht war wéi haut. 

Résie: Et war net esou eng Hetz. No der Mass si vill Männer an de Café Kaarte spille gaang. Et gouf deemools 8 Caféen zu Réiden. 

Renée: An a 4 Réidener Caféen ass souguer Danzmusik gespillt ginn, virun allem wa Kiermes oder e Bal war. 

Milly: All Joer sinn e puer Pressiounen duerch d’Duerf organiséiert ginn. Ech si ganz gäer bei de Bittprëssioune mat gaangen, wou mir am Cortège raus op d’Felder getrëppelt sinn a fir eng gutt Recolte gebiet hunn. Mee déi schéinste Pressioune waren déi, wou mir Meedercher d’Muttergottes-Statu duerch d’Duerf gedroen hunn, an d’Jongen den Himmel (Baldachin) iwwer dem Paschtouer, deen d’Monstranz am Grapp hat.

Wat ass no der Primärschoul geschitt?

Renée: D’Primärschoul huet deemools 7 Joer gedauert an et konnt een nach en 8. Joer drunhänken. No der Primärschoul si mir entweeder an e Pensionat gaang oder an d’Bitz- a Kachschoul zu Réiden. Ech war, wéi meng Bomi a meng Tatta och schonn, an engem Pensionat zu Léck. 

Jeanny: Meng Elteren hate leider net genuch Sue fir e Pensionat ze bezuelen. Ech sinn dofir mam Milly bei d’Schwëster Céline an d’Bitz- a Kachschoul zu Réiden gaang. Ech hunn nach viru kuerzem d’Bitzmuster fir e Pyjama aus där Zäit erëmfonnt. 

Résie: Ech war och an engem Pensionat, zu Dikrech. Ech muss haut nach schmunzelen, wann ech drun denken, wéi d’Nonnen eis méindes gefrot hunn, ween danze war - dat huet hinne guer net gefall! A wat waren d’Nonne rosen, wéi 1955 d’Kasär op den Härebierg geplënnert ass. Dunn huet et ëmmer geheescht « Baissez les yeux, c’est le diable qui passe », wa mir engem Zaldot an der Strooss begéint sinn.

Mir soen dem Jeanny, Milly, Renée a Résie e ganz häerzleche Merci fir hir Zäit an hir Bereetschaft, hir wäertvoll Erënnerunge mat eis ze deelen. Mat hiren authenteschen Anekdoten hu si e Stéck Réidener Geschicht fir déi nächst Generatiounen opbewaart.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Senior

Aktuelle Nachrichten