Club Atertdall
Grouss järlech Feier vum Club Atertdall
19/02/2026
Den 12. Mäerz hu mir en flotten Ausfluch an de Musée des Illusions zu Beyren-lès-Sierck a Frankräich geplangt. Do entdeckt Dir eng faszinéierend Welt, an där Wëssenschaft a Konscht sech begéinen. En originellen, amüsanten a gesellegen Ausfluch, ideal fir Spaass ze hunn an d’Welt emol mat aneren Aen ze gesinn.
Virun der Visitt gi mir zesummen eppes iesse.
Dir kënnt Iech bis den 25. Februar aschreiwen.
Nei ass elo eisen individuellen Coaching fir d’Virbereedung op d’Pensioun. An enger Sëtzung vun 30 bis 45 Minutten kritt Dir d’Méiglechkeet, nei Perspektiven an Iddien fir Är Zukunft z’entdecken.
An enger entspaanter an oppener Atmosphär kënnt Dir iwwer Är Wënsch a perséinlech Ziler schwätzen an erausfannen, wéi eng Verännerungen oder Erausfuerderungen op Iech duerkomme kéinten. Dës Berodung bezitt sech net op finanziell oder administrativ Aspekter, mee ass e konstruktiven Austausch, deen Iech Impulser fir e bewosst an erfëlltent Liewen an der Pensioun gëtt.
Wéini:
25.02 & 24.03, ëmmer vun 16.00 bis 18.00 Auer (nëmmen op Rendez-vous)
Umeldung bis eng Woch virum jeeweilege Rendez-vous.
Fir eng Umeldung oder weider Informatiounen stinn mir Iech vu Méindes bis Freides vun 09.00 bis 12.00 Auer ënner der Telefonsnummer 27 55 33 70 gären zur Verfügung.
Club Atertdall
19/02/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
29/12/2025
Club Atertdall
22/12/2025
Club Atertdall
27/11/2025
Club Atertdall
16/10/2025
Erënnerungen aus dem Liewen
06/10/2025
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026