Erënnerungen aus dem Liewen

De Jhängy Schaus erënnert sech

Veröffentlicht: 29/12/2025 - 15:22
Aktualisiert: 29/12/2025 - 15:37
2 Minuten

De Jean Schaus, vu jidderengem Jhängy genannt, ass 1929 doheem zu Réiden op d'Welt komm. An de 50er Joren huet hien d’Réidener Bäckerei vu sengem Papp iwwerholl a bis zu senger Pensioun am November 1989 mat vill Engagement a Passioun geféiert. Haut lieft hien zesumme mat senger Fra Andrée am HPPA zu Réiden.

Här Schaus, erzielt eis e bëssen iwwert Är Kandheet!

Mäi Brudder, de Fos, war e gutt Joer méi al wéi ech. Vu klengem un, hu mir zwee Bouwe reegelméisseg an der Bäckerei matgehollef, an esou si mir zesummen am Geroch vum frësch gebakenem Brout grouss ginn. Mäi Papp, den Emile Schaus, war bis zu sengem fréien Doud deen eenzige Bäcker-Patissier zu Réiden.

Wou hutt Dir als Kand eng Hand mat ugepaakt?

Ech sinn dacks mam Papp op de Brout-Tour gefuer. Mir hunn all Dag Brout ausgefouert, zu Réiden selwer an an all Nopeschduerf ass zweemol an der Woch frëscht Brout geliwwert ginn – dat war richteg Sport! Bei all Wieder, am héije Schnéi oder op gefruere Stroossen, am Auto ouni Heizung: ëmmer erëm eraus, Brout an d’Haus droen, erëm eran a weiderfueren. Eis Clienten hunn dee Service geschätzt a mir si dacks vun hinne verwinnt ginn.

Wollt Dir nach ëmmer Bäcker ginn?

Jo, dat war ëmmer mäin Dram. Ech si mat deem Beruff grouss ginn a wollt ni eppes anescht maachen. Mäi Brudder hat op Wonsch vun eiser Mamm zwar och d’Meeschterprüfung als Bäcker gemaach, mee kuerz drop sot hien hir: „Hei hues Du Deng Meeschterprüfung - elo maachen ech dat, wat ech wierklech gär maachen.“ De Fos huet mat senger Fra an der Groussgaass zu Réiden e klenge Garage fir Reparaturen un Autoen a Vëloen opgemaach mat enger Tankstell, spéider koum de Verkaf vu Fëschereiartikelen a vu Fueskleeder dobäi.

Ier Dir d’Léier bei Ärem Papp ugefaangen hutt, erlieft Dir nach als Jugendlechen de Krich zu Réiden. Wéi war dat?

Zu Réiden si mir gutt ewechkomm, et gouf näischt zerstéiert. Mee et ware vill Jonge verstoppt an dat hu mir als Bouwen och matkrut. Et huet ee misse ganz gutt oppassen, dass ee sech net verschwat huet. An der Schoul war Franséisch streng verbueden, mee eise Schoulmeeschter, den Här Lucien Thill, huet eis ënner dem Virwand „spillen“ bei sech heem invitéiert, an huet eis heemlich Franséisch bäibruecht.

Hat de Krich een Afloss op d'Bäckerei?

Jo, 1942 hunn d’Preisen d’Autoe beschlagnaamt. Mäi Papp, dee scho fréi een Auto fir d’Broutliwwerung hat, huet sech missen eng afale loossen. De Liwwerauto stoung zwar an eisem Garage, den Zündverdeeler hat de Papp awer ausgebaut a gutt verstoppt. Domat ass den Auto nit méi gaang. Fir de Leit awer hiert Brout ze liwweren, huet mäi Papp eng grouss Këscht mat Rieder baue gelooss, déi vun eisem Schéiferhond Max gezu gouf. Dat huet gutt funktionéiert – ausser wann eng Kaz iwwer de Wee gelaf ass. Dann ass d’Gefier alt emol mat Brout a Mëtschen am Gruef gelant!
 

Wéi war Äre Wee bis Dir Meeschter-Bäcker gi sidd?

No der Boulette an der Stad mat Passageexame goung et an de Militärdéngscht, dunn d'Geselleléier doheem bei mengem Papp. 1952 sinn ech op Basel gaange fir mech als Pâtissier a Confiseur weiderzebilden, an hunn duerno nach e puer Méint zu Willisau an der Schwäiz geschafft. 1955 hunn ech meng Meeschterprüfung ofgeluecht an nach e Brevet zu Bréissel gemaach. Leider ass mäi Papp 1956 fréi gestuerwen, an dunn hunn ech de Betrib eleng weidergeféiert.

Wat huet Iech um Beruff vum Bäcker gefall?

D’kreatiivt Schaffen: Kuchen an Taarte garnéieren, Pièce-montéeën a Glacen dekoréieren – dat huet mir immens Freed gemaach. Och mam fréien Opstoen hat ech ni e Problem.

Wat hutt Dir gär an Ärer Fräizäit gemaach?

Nieft Betrib a Famill war net vill Zäit iwwreg. Als Ausgläich hunn ech haaptsächlech Musik gemaach. Ech hu bis an d’90er Trombonn an der Réidener Musik gespillt a war eng Zäit laang och President faisant fonction.

Dir hutt Iech och vill éierenamtlech engagéiert...

Ech war vill Jore President vum Réidener Geschäftsverband a vun 1973 u President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bäcker, bis zu menger Pensioun. Ech war och Member vun der Examenskommissioun vun der Handwierkerkammer, President vum Réidener Timbersveräin, an aktiv a verschiddene Comitéen a Kommissiounen (z.B. Fédération des Artisans, Chambre des Métiers, Handwierker-Pensiounskeess, Krankekeess vun den Independanten).

Wat war dee schéinste Moment bis elo an Ärem Liewen?

Wéi ech meng Fra Andrée Reisen 1958 bestuet hunn. Si ass am Nopeschhaus opgewuess – a beemol ware mir zesummen! Gefeiert hu mir doheem an eiser Stuff. Fir d’Hochzäitsrees si mir op Lugano gefuer. Spéider hu mir mat der Bäcker-Federatioun fir di jeeweilig Kongresser all grouss Stied duerch ganz Europa bereest.

Wat ass Ärer Meenung no d’Geheimnis fir e laangt Liewen?

Lieft ouni Exzesser a bleift mat zwee Féiss um Buedem!

Wat war fréier besser, wat ass haut besser?

Déi technesch Entwécklung bréngt vill Guddes mat sech. Mee ech fannen, de perséinlechen, direkte Kontakt tëscht de Mënsche feelt haut dacks.

Mir soen dem „Bäcker Jhängy“ villmools Merci, dass hie sech mat eis u säi laangt Liewen erënnert huet a wënschen him a senger Fra eng agreabel Zäit am HPPA. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Senior

Aktuelle Nachrichten